Ech hat e Gespréich mat mengem Coiffer an dat ass dobäi rauskomm

Net nëmmen an der Moud sinn ënnerschiddlech Trends erkennbar. Och bei de Frisuren entwéckelt sech all Joers eng Tendenz an doriwwer hunn ech mech mol mat mengem Coiffer ënnerhalen. Extremer wéi déi typesch Justin-Bieber Frisur oder d'Ombre Faarwe ginn et zwar net méi, well sech alles méi an eng natierlech Richtung entwéckelt. An awer huet och d'Joer 2021 seng Trends:

Bei de Männer ass et In, d'Säite raséiert ze hunn an uewen an déi méi laang Hoer eng Dauerwell ze maachen, klengt lo relativ experimentell, mee tatsächlech gesäit dat fir de Summer souguer richteg gutt aus. Loosse mir et mol natierlech Beach waves fir Männer nennen.

Ween als Mann schonn ëmmer mol e mëttelste Scheed wollt hunn, do it. Elo ass de Moment.

Soss si bei de Männer keng grouss Ännerungen erkennbar, mol net um Kapp. Am Gesiicht gesäit een awer ëmmer méi dacks e Schnurres. Wie lo mengt dat hätt näischt bei de Frisurentrends ze sichen den iert sech. E Schnurres muss gefleegt ginn an dat ass och Aarbecht.

Bei de Frae geet Tendenz ëmmer méi an eng natierlech Richtung. De Balayage oder natierlech Strähne sinn dat wat am meeschte gefrot gëtt. D'Hoer ginn also nach ëmmer gefierft, mee eben sou natierlech wéi méiglech.

E speziellen Trend gëtt et dann awer dach an dat sinn zwee hell Strähnen déi als Rumm em d'Gesicht falen. Face frame kléngt lo e bësse komesch, mee schlussendlech hält dat d'Gesamtbild op a léisst ee méi frëndlech wierken. Wat Schnëtter uginn sinn haaptsächlech mëttellaang Hoer am Trend. E kuerze Bob oder Schëllerlaang Hoer gi virun allem kanteg geschnidden, sou dass d'Hoer all ob enger Längt sinn.

Wann ech iech eppes vu mengem Coiffer ka weiderginn, dann dass dir iech traue sollt. Och si si frou net ëmmer déi nämmlecht Frisure schneiden ze mussen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira