Fält et dir einfach eleng op enger Terrasse ze sëtzen? Zäit mat sech selwer ze verbrénge soll net onangeneem sinn.  

Sech eleng iergendwou an e Café setzen, eleng spadséiere goen, Zäit mat sech selwer verbréngen. Déi sougenannte Me-time ass näischt Neies, awer enorm wichteg. An domat hunn ëmmer nach vill Leit Problemer well si sech einfach genéieren iergendwou eleng ze sinn. Wat géifen dann déi aner denken? Warscheinlech näischt.

Gesinn ech eng Persoun eleng hire Kaffi drénke fannen ech et éischter flott, dass si sech déi Zäit fir sech selwer hëlt. Gesinn ech een iergendwou e Buch liesen denken ech just, dass ech dat och mol rëm maache muss. A gesinn ech eng Persoun iergendwou eleng eng Glace iesse fannen ech et flott, dass ee sech onofhängeg vun iergendenger Persoun eppes gënne kann. Mee sou geet et eben net jidderengem an och ech hat eng laang Zäit Problemer domat. Wat dogéint hëllefe kann si folgend Saachen:

Start mat klenge Schrëtt: Maacht iech e Podcast un a gitt spadséieren. Duerch d'Stemm am Ouer sidd dir net eleng an ofgelenkt vun iergendwelleche Leit ronderëm iech.

Wann dir e Schratt weider goe wëllt dann huelt iech e Kaffi to go a freet iech, Zäit mat iech selwer ze verbréngen an huelt är Ëmgéigend Wouer. Dir kënnt souguer selwer d'Leit beobachten. Gehéiert mat zu menge Liblingsbeschäftegungen.

Wann dir iech méi traut, da setzt iech iergendwou op eng Terrasse. Dir musst do jo net direkt e ganze Menu iessen a Stonnelaang sëtze bleiwen. Wann et iech awer nach onangeneem ass dann huelt e Buch mat, villäicht bleift et just als äre sécheren Anker do leien oder dir liest e bëssen dran fir aus ärer Situatioun ze entkommen.

Jee nodeem wéi oft dir des Etappe widderhuelt, gitt dir ëmmer méi sécher a fannt iergendwann gefalen dorunner. Et ass befreiend ze wëssen, dass een onofhängeg vun anere Persounen eng schéin Zäit verbrénge kann. A gleeft mir, ob der Strooss wäert sech kee Mënsch froe wat dir do maacht. Wann et engem iwwerhaapt opfält, da gitt dir just beneit.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira