Wéivill Mëllech Alternative ginn et a wéini benotzt ee wéi eng?

Kaffi drénkt ee scho laang net méi just mat Koumëllech. Um Marché si vill planzlech Alternative vertrueden a bestellt een a Groussstied e Flat White ouni Huewermëllech gëtt e scho bal komesch ugekuckt. Mee wéi vill Alternative ginn et eigentlech a wéini benotzt e wat?

Huewermëllech ass niewent Sojamëllech déi bekanntst Alternativ a gëtt haaptsächlech am Kaffi benotzt. De Grond ass einfach. Se léisst sech gutt opschaimen an ass vum Goût hier relativ neutral. Och wann et am Ufank eng Gewunnechtsaach ass, schmaacht e Café Latte vun engem gudde Barista genee sou cremeg wéi mat Koumëllech. Eng aner Alternativ déi mäi perséinleche Favorit am Summer ass, vill Leit awer nach net kennen ass Kokosmëllech. Mee opgepasst, domat mengen ech net déi déckflësseg Crème, déi fir e gudde Curry benotzt gëtt. Kokosmëllech fir ze drénken ass méi séiss, wässereg an ideal fir Iced Coffee. Dat ganzt schmaacht da méi exotesch an ass haaptsächlech fir Kokosfans geduecht. Och fir Iced Coffee gëeegent ass Mandelmëllech. Déi huet virun allem wéineg Kalorien an ass niewent engem liichte Mandel Goût zimmlech neutral.

Dat war awer nach laang net alles. Doduerch dass d'Mënschen ëmmer méi drop opmierksam gemaach gi wéi schlëmm de Kouhandel ka sinn, kommen och ëmmer méi Alternativen op de Marché. Dat zum Beispill mat, Räis-,  Hanf- oder Hieselnossmëllech. Och Cashewnëss an Ierbese ginn an der Mëllechproduktioun genotzt. Alternative ginn et also genuch.  Et muss een sech just duerchprobéieren. Dat soll awer net heeschen dass ee komplett op Koumëllech verzichte muss. Och ech drénke mäi Kaffi heiansdo gäre ganz traditionell. Mee et ass wéi mat allem, déi richteg Balance mécht villes besser.

Wien op Alternativen zu Koumëllech gräife wëll aus Ëmwelt- a Klima-Grënn sollt sech am Virfeld awer informéiere wéi, wou an ënnert wéi engen Ëmstänn dës produzéiert ginn. Och hei ginn et Produktiounsweeër, déi ëmstridde sinn. An deem Fall am beschten op Produiten zeréck ze gräifen, déi fair hiergestallt goufen. Wéi gesot: Et ass déi Saach mat der Balance.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira