Den Hierscht huet ugefaangen an dir sidd nach net bereet de Summer hannert Iech ze loossen? Ob déi Saache kënne mir eis freeën:

Sou lues awer sécher musse mir eis et agestoen, den Hierscht huet ugefaangen. D'Owender gi méi kill an och wann de Summer sech dëst Joer net vu senger beschter Säit presentéiert huet, wiere mir all frou e géif nach e bësse bleiwen. Dogéint hëlleft et awer sech op déi flott Saachen ze konzentréieren, déi den Hierscht ze bidden huet an hei komme meng Tipps:

Spadséiere goen an de goldbrongen Hierscht-Faarwen. D'Natur huet eng ganz speziell Aart a Weis eis ze weisen, wéi schéi Changementer kënne sinn. D'Sonn steet méi déif an d'Blieder op de Beem fierwen sech a wonnerschéine Faarwen. Dovu musse mir profitéieren, virun allem wann d'Wieder matspillt.

D'Rezepter an der Kichen ännere sech. D'Zäit vun den Zaloten an de kale Saache sinn eriwwer. Mir kënnen eis och mol rëm op e Kürbis am Schäffche freeën, e waarme Schocki oder e selwergemaachent Stéck Kuch. Wann ee regional akeeft an sech de Joreszäiten upasst, da freet een sech ëmsou méi op säin Iessen an alles wat domadder zesummenhänkt.

Dësen Hierscht gëtt fir vill Leit net sou deprimant wéi de leschten. Mir wëssen zwar all net wéi sech d'Pandemie entwéckelt, mee trotzdeem gesäit et esou aus, wéi wa mir net méi sou vill eleng musse sinn. Geselleg Owender mat Frënn, Kino-Seancen a Familientreffen steet näischt méi am Wee. Et gëtt also schuckeleg.

Fir d'Wäifans ass et och eng speziell Zäit. D'Lies fänkt un a mir kënnen eis hoffentlech op e weidere gudde Joergang freeën. Oder och op gudde Fiz, Nëss an Äppel. De gëllenen Hierscht huet säin Numm net fir näischt.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira