Alles nom Prinzip "dessert for breakfast"

Een Dessert deen esou gesond ass, dass een en och moies schonn iesse kann? Musek a mengen Oueren. An dat gëtt et masseg. Am Moment dierft een awer op Instagram a Co e ganz besonneschen Trend gesinn, an den hunn ech fir iech getest. Mir kennen all déi Glacen am Becher, déi eng fest Schockelas Schicht driwwer hunn, déi ee fir d'éischt mam Läffel duerchbrieche muss. Déi gëtt et elo och an enger gesonder Form mat manner Kalorien an engem héije Spaass-Facteur. Hei komme meng 3 Varianten:

Variant Nr.1 huet als Basis eng Aart Smoothie Bowl. Dofir mixt dir är gefruere Friichte mat e bësse Kokosmëllech, gitt dat ganzt an eng Schossel, loosst geschmolte Schockela driwwer lafen a stellt et an de Frigo bis är Schockelas-Schicht haart ass. Dono musst dir déi just nach mam Läffel duerchbriechen a genéissen.

Variant Nr. 2 sinn over-night-oats. Dofir gitt dir Huewerflacke mat e bësse Mëllech an eventuell och Jughurt an eng Schossel, stellt dat ganzt iwwer Nuecht an de Frigo a gitt moies de flëssege Schockela driwwer. Gedold übe kënnt dir heimat dann och nach. Wien et gär méi extra hätt, kann eng Aart Snickers Versioun draus maachen an nach Peanut Butter dobäi ginn. Do kënnt dir roueg kreativ sinn.

Variant Nr. 3 funktionéiert a verschidde Goûten. Gesond Yogurette, Bounty a Co maache mir mat Chiasomen. Dovu gitt dir ongeféier 30g an eng Schossel a schëtt e bësse Mëllech dobäi. Opgepasst, dir musst direkt alles mam Läffel duerchréiere soss gëtt et eng komesch Konsistenz. Fir d‘Yogurette Versioun gitt dir en Hammbierspüree dobäi, fir de Bounty Kokosflacken. Den nächste Schratt kennt dir schonn. Schockela driwwer, ofwaarden, duerchknacken a genéissen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira