Ready for fashion? Hei kommen d'Trends fir dësen Hierscht

Liicht verzweifelt stinn ech rëm viru mengem Kleederschaf a froe mech wéi all Joers: wat dinn ech un dass et net ze waarm mee awer och net ze kal ass. Kommen zum Entschloss dass ech jo guer näischt hunn a verfluchen d'Wieder. Dobäi ass den Hierscht déi Joreszäit déi an der Moud am meeschten ze bidden huet. Hei kommen Trends vun dësem Joer:

D'Leistung Nummer 1 fir all Temperatureproblem ass ganz kloer den Zwiwwel Look. Kléngt net besonnesch schéin dat ginn ech zou, mee domat ass einfach nëmme gemengt dass ee Jackette mat Pullovere kombinéiert, déi zesummen da waarm genuch sinn. Dëst Joer am Trend sinn erëm laang Mäntel. Als Iwwergang muss den och nach net alt ze déck sinn, mat engem zousätzleche Pullover drënner hält en iech da waarm.

Och In sinn Hiemer an dat oft aus Cord, déi als Jackett ugedoe ginn. Am Wanter ditt dir dann dorop eng weider Jackett un a kënnt sou méi laang dovu profitéieren.

Ob der Fashionweek huet ee rëm héisch Stiwwele gesinn, de 60er-Jore Look, Petzifell, Karomuster a natierlech ganz vill Pulloveren déi meeschtens oversized als Rack ugedoe ginn. Iwwerraschend war awer dass de Skikostüm säi Wee op de Catwalk fonnt huet an domat d'Moud aus dem Wantersport am Alldag agebaut gëtt.

Net ewechzedenken ass eng plisséiert Juppe. Déi wierkt elegant, kann awer och mat engem Pullover a Sneaker sportlech ugedoe ginn.

D'Faarwen aus der Natur sinn dann och déi Faarwen déi een an der Moud rëmfënnt. Vill Spaass beim shoppen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira