Instagram & Co maachen um 21 Auer hier Dieren zou? Wat wier dann?

Spéitstens nodeems Instagram, Facebook a Whatsapp fir eng ronn 6 Stonnen net fonctionéiert hu si mir all rëm drun erënnert ginn, wéi ofhängeg mir dach vun dësen Apps sinn. Fir déi eng war et eng iwwerraschend angeneem Paus, fir déi aner e klenge Weltënnergang mat der Fro: Wat maachen ech dann elo mat menger Zäit?

Wat wier dann, wa mir sou e sozialen Detox reegelméisseg hätten? Wann Apps wéi Instagram Ëffnungszäiten hätten an een no enger gewësser Auerzäit einfach keen Zougrëff méi hätt? Wéi e Supermarché den eben iergendwann seng Dieren zoumécht.
Ob mir et eis agestoe wëllen oder net, mir sinn all ofhängeg, loossen eis beaflossen a wëlle permanente  Kontakt mat der Welt. Mat Sécherheet hu vill vun iech den Dréi raus, hu beim Film kucken den Handy net am Grapp. Am Restaurant läit en net um Dësch. Mee dat kritt nach laang net jiddereen hin.

Wann Instagram awer um 21 Auer seng Dieren zoumécht, wat wier dann? Mir géife wëssen, dass mir näischt verpassen. Mir géifen ufänken eis just ob eis Ëmgéigend ze konzentréieren. Leit déi mat Instagram hir Sue verdéngen hätten elo och wierklech Feierowend. Mir hätte ganz aner Gedanken a géife villäicht vill éischter zu Rou kommen. Den neien Dag start iwwregens och net direkt mat Social Media. Déi Ëffnungszäite ginn et nämlech och moies. Villäicht ginn d'Diere réischt um 10 Auer op. Wat wier dann? De Grëff bei den Handy moies géif ewechfalen, mir géifen eise Kaffi a Rou drénken a fir d’éischt och richteg waakreg ginn. Mir wiere vill méi mat eis selwer beschäftegt a géifen och alles méi intensiv ophuelen.

Schlussendlech bleift et e Gedankenexperiment a villäicht och just eng romantesch Virstellung vun enger Welt, déi scho laang net méi bei eis passt. Mee villäicht kënne mir awer och bewosst dogéint ukämpfen an e Stéck vun dësem Experiment an eisen Alldag integréieren.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira