Den Dag ass hallef em, d'To-Do Lescht mol nach net ugefaangen? Dogéint kënne mir eppes maachen:

Mir sinn eis wuel eens, den Dag huet net Stonne genuch. Mee dodrunner kënne mir schlecht eppes änneren. Wourunner mir awer schaffe kënnen ass eisem eegenen Zäitmanagement. Wee gutt geplangt duerch d’Woch geet huet schlussendlech oft méi Fräizäit. Hei komme meng Tipps wéi dir ären Alldag organiséiere kënnt.

Meal prep: Ass en Trend, an dat zurecht. Ween den Dag virdrun säin Iesse scho preparéiert oder ob mannst plangt, den huet wäertvoll Zäit gewonnen a vermeit de Wee ob eng ongesond Alternativ.

To-Do Leschten: Déi kënnt dir ganz einfach an ären Agenda androen, oder ob ärem Handy späicheren. Sou hutt dir ëmmer am Iwwerbléck wéi eng Rendezvous'en dir hutt a wat dir den Dag nach alles erleedege musst.

Genuch Zäit aplangen: Oft calculéiert een de Wee ob d'Aarbecht oder tëschent de Meetinge relativ eng. Rechent iech hei einfach e klenge Puffer an. Wann eppes schief geet bréngt iech dat net aus der Rou. Wa net hutt dir nach e bëssen Zäit fir iech.

Op déi eegen Auer lauschteren: Wéi vill Schlof braucht dir, wéi oft a wéini musst dir eppes iessen, motivéiert iech Sport virun der Aarbecht oder dono méi? Den eegene Biorhythmus ze kënnen dréit zu ärer Gesondheet bei.

Léieren nee ze soen: Wann d'Arbeschtskollegen nach een drénke goe wëlle kann dat e flotten Owend ginn. Genau sou wichteg kann et awer och sinn sech Zäit fir iech selwer ze huelen an zur Rou ze kommen

Zu gudder lescht: Et ass ok, wann net alles klappt wéi geplangt. Net all Dag muss e mat Bravour meeschteren. Dat wichtegt ass är Mental Gesondheet. En neien Dag kënnt sécher.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira