Hexen, Vampiren & Co? Dëst Joer ass wuel och Squid Game mat am Programm!

Et gëtt däischter, d'Kürbisse sti virun der Dier an dat kann nëmmen eent bedeiten: Halloween. Natierlech feiere mir och a Lëtzebuerg d'Fest vum aller helleg Owend. Dat ass nämlech déi korrekt Iwwersetzung aus dem amerikanesche "all hallows eve". Mir verbannen et awer haaptsächlech mat Gespenster, Hexen, Vampiren an der Traditioun sech ze verkleeden. Virun allem an Amerika ginn och schonn Deeg virdru ganz Haiser a Stroossen dekoréiert. Mir beschränken eis awer haaptsächlech op d'Party um Owend selwer a wëllen natierlech wësse wéieng Kostümer dëst Joer am Trend sinn:

Niewent deene klasseschen Outfits orientéiert sech den Trend och ëmmer un der Aktualitéit. Et dierft also keng Iwwerraschung sinn, wa mir dëst Joer lauter Kostümer aus der Netflix Serie Squid Game fannen. Dat gutt dorun: dir kënnt är Fuesent Kostümer vun Haus des Geldes einfach duerch eng aner Mask austauschen a schonn ass et passend. De perfekte Kostüm de gär relax ënnerwee ass a sech net ze vill Aarbecht mam Make-up maache wëll. Den ass nämlech un Halloween bal dat wichtegst.

Wee gutt schminke kann dierf sech austoben. Skeletter, Kürbissen, Hexen. Wat méi grujeleg an detailléiert, wat besser. Wiem säi Make-up opwänneg ass, de brauch sech och net méi vill Gedanken em säi Kostüm ze maachen.

Net jiddereen ass awer sou talentéiert a well ech dozou gehéieren, hunn ech mir mäi Vampir Kostüm einfach mat zwee opgepechten Zänn gemaach. Dofir kënnt dir och einfach zwee falsch Neel benotzen, passend schneiden a mat extra Pech op d'Zänn pechen. Funfact: ech hu Pech fir d'Gebëss geholl, dat verrode mir awer kengem.

Fir déi ganz spontan: Dot iech eppes däischteres un, souwuel Männer wéi Fraen kënnen op däischtere Make-up zréck gräifen an da sidd dir egalwéi prett fir eng flott Nuecht.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira