Kombucha Téi: Wonnermëttel an DIY

Dir hutt villäicht scho mol vu Kombucha héieren. Den een huet et ganz zoufälleg gedronk well et wéi Ice Tea ausgesäit, den aneren huet et selwer hiergestallt. Kombucha gëllt als Heelmëttel a kënnt aus der asiatescher Volleksmedezin. Wéi effektiv den Téi awer wierklech ass, dat ass net genau erfuerscht. De Kombucha gëtt aus engem Champignon gegäert an huet doduerch eng guttaarteg Bakterien an Hefekultur. Duerch d'Gärung huet de Kombucha dann och bis zu 1 Prozent Alkohol a Koffein. E gehéiert zu de fermentéierte Liewensmëttel an ass domat besonnesch gutt fir d’Daarmflora. Et ginn awer grouss Ënnerscheeder un dem wat dir um Marché ugebuede kritt. Do kann zum Beispill enorm vill Zocker bäigesat ginn. Wann e fir eng méi laang Halbarkeet pasteuriséiert gëtt, sinn dann och all déi gesond Organisme fort. Kombucha kann een awer och selwer doheem maachen an do kritt e sou genannten DIY Kit ze kafen. No 5-8 Deeg kritt äert Gedrénks e licht saierlechen an aromatesche Goût an ass prett fir gedronk ze ginn. Nodeems den Téi fäerdeg ass huelt dir den Ursprong raus, an domat kënnt dir rëm neie Kombucha ziichten. Wichteg ass et, sech do ganz genee un d’Rezept an d’Hygiène Moossnamen ze halen.

Fazit: De Kombucha Téi kann eng gutt Auswierkung op e gesonden Daarm hunn, wann e richteg fermentéiert ass an dir den Téi vun engem vertrauenswierdegen Hiersteller kaaft. Gréisstendeels kritt een an de Supermarchéë awer gezockert Varianten, déi einfach just eng Alternativ zum normalen Ice Tea a villäicht just eng Grimmel méi gesond sinn.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

 xx, Mira