Dir sidd an enger Bezéiung a frot iech, ob dat "the one" ass? Heiranner mierkt dir et: 

De richtege Partner ze fannen ass eng Challenge déi mir eis fräiwëlleg fir eist Liewe virhuelen. Net well mir net och eleng kënne glécklech sinn, mee well et schéin ass e Mënsch u senger Säit ze hunn.

Mee wouhier weess een, wann de richtegen do ass? Fillt sech bemol alles sou un wéi am Film? Net grad.  Déi romantesch Virstellung aus Hollywood muss ech iech da leider huelen. Et ginn awer trotzdeem ganz kloer Unzeechen dass de richtege Mënsch do ass:
Dir hutt Respekt. An dat ass scho bal dat wichtegst. Dir respektéiert ärem Partner seng Wënsch, seng Ziler a virun allem sidd dir houfreg ären Alldag mat dëser Persoun ze deelen. Sech an enger Bezéiung géigesäiteg ze ënnerstëtzen a Versteesdemech ze hunn, ass d'Basis fir eng glécklech Zukunft. Wourunner dir nach mierkt, dass et passt?
Saachen déi bei ärem Ex komplizéiert waren, sinn elo eng Selbstverständlechkeet. Et fält iech an der Koppel alles méi einfach a sou soll dat och sinn. Natierlech ass net ëmmer alles flott, et kann ee Startschwieregkeeten hunn an et muss een sech un den anere gewinnen. Mee wann d'Kommunikatioun stemmt an dir erkläert, firwat iech verschidde Saache wichteg sinn, da soll eng Bezéiung äert Liewe méi einfach maachen a net verkomplizéieren.
Mee wourunner mierken ech dann elo wierklech dass ech de richtege Mënsch fonnt hunn?  Dorunner dass dir iech déi Fro net méi stelle musst!

Denkt awer drun: Wéini a wou dir äre Mënsch fannt an a wéi enger Persoun, dat braucht Zäit. A bis dohi sidd dir genau sou glécklech mat iech selwer.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira