Gesond duerch de Wanter? Schlofen, Vitaminnen a genuch Beweegung kënnen hëllefen.

De Wanter ass däitlech ze spieren. Ëmmer méi Leit gi krank a fillen sech midd. Dogéint kann een awer aktiv eppes maachen. Hei komme meng Tipps, wéi dir iech besser op de Wanter virbereede kënnt:

Genuch Schlofen: Schlof ass wichteg fir eis Gesondheet a fir d'Regeneratioun. Ween net genuch schléift, de setzt säi Kierper ënner Stress a schwächt d'Immunsystem. Och fir d'Fettverbrennung ass genuch Schlof wichteg. Ween also den een oder anere Spekulatius Kichelche verbrenne wëll, de muss einfach och genuch schlofen.

Vitaminnen: Kloer wësse mir all dass genuch Vitaminne wichteg sinn. Mee passt dir dann och ob, dass dir ënnerschiddlecht Geméis an Uebst iesst? Ween sech de ganzen Dag just vu Mandarinnen erniert den deckt säi Kierper och net mat deene richtegen Närstoffer of. Ënnerschiddlecht Geméis an Uebst ass domat also net nëmmen ofwiesslungsräich mee och nach wichteg fir d'Gesondheet

Beweegung: E glécklechen a gesonde Kierper ass e Kierper de Beweegung huet. Ween no der Aarbecht nach e klengen Tour trëppele geet oder am Alldag genuch Beweegung abaut, de mécht säi Kierper fit géint all d'Viren.

Et fält net einfach bei deene wéinege Sonnestrale genuch Dagesliicht ze fannen. Wien dorënner leit kann ob déi sougenannten Dagesliichtluuchten zréckgräifen. Informéiert iech virum Kaf awer wéi eng do wierklech effektiv sinn.

Generell gëllt am Wanter: Ganz vill ob de Kierper lauschteren. De signaliséiert iech wat dir braucht a wat éischter net.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira