Wat seet eist Stärzeechen dann elo wierklech iwwert eis aus?

„Dat steet an de Stäre geschriwwen". De Saz hutt dir bestëmmt schonn héieren. Mee wéi realistesch ass et, dass Stären, Horoskoper a Stärzeeche wierklech eppes aussoen?

Mir hu mat Sécherheet all schonn eng kéier eist Horoskop gelies, gegoogelt wéi eng Stärzeeche beienee passen oder wat d'Eegenschaften dovunner sinn. Mee wat dovunner stemmt dann elo? Widder sollen e stuere Kapp hunn, Waassermänner zouverlässeg sinn a Kriibse sensibel. Dat ganzt soll awer just Zoufall sinn.

Wëssenschaftler fannen nämlech keen Zesummenhang tëschent de Stärebiller an dem Charakter vu Mënschen. Entscheedend sollen do éischter déi éischt Jore vun der Kandheet sinn. Psychologen hunn ausserdeem rausfonnt dass Mënschen déi am Fréijoer a Summer gebuer si méi intelligent solle sinn.
Mënschen déi am Wanter op d'Welt koumen si méi extrovertéiert an impulsiv. Dir fannt awer dass dir bei äert Stärzeeche passt? Dat gëtt dann éischter domat erkläert, dass een sech dat abilt.
Astrologe sinn awer ëmmer nach ob der Sich no der richteger Erklärung. Horoskoper sinn allerdéngs oft sou geschriwwen, dass sech jiddereen domat identifizéiere kann. Mee wéi fräi afonnt d'Definitioun vun eisem Stärzeeche lo wierklech ass, dat steet da wuel an de Stäre geschriwwen. Eent ass fir mech kloer. Ech si vu Stärzeeche Kriibs an dat passt zu 100%, ob et elo Abildung ass oder net.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira