Mir kréien ëmmer déi nämmlecht Reklammen oder Noriichten ugewisen an dogéint kann een eppes ënnerhuelen

Ob et eis bewosst ass oder net, mir befannen eis all an enger "Bubble". Eng Seefeblos un Informatiounen déi em eis ronderëm schwiewen an oft ass et schwéier sech ausserhalb vun dëser Blos ze informéieren.
Mir liesen déi selwecht Zeitungen, kucken eng bestëmmten Zort u Fernseesendungen a ginn ëmmer rëm déi nämmlecht Weeër am Alldag. Wéi soll een dann do och bewosst nei Noriichte matkréien? Sech aneschters informéieren?

Schonn eleng den Algorithmus vun den elektronesche Medie mécht et eis schwéier, dëser Blos ze entkommen. Wann dir eppes an ären Handy agitt, verhält sech den Algorithmus dat an dir kritt ëmmer méi Reklammen an dëser Richtung ugewisen. Sou ass et awer och mat informellen Neiegkeeten. Et lount sech do mol bewosst dogéint unzekämpfen. Zum Beispill andeems dir eng  Zeitung kaaft, déi iech soss net an d’Hänn gefall wär. Dat ganzt dierf een dann natierlech hannerfroen. Et ass awer interessant mol aktiv géint déi Seefeblos unzekämpfen an der mir eis all befannen. A wann et nëmmen dofir gutt ass, dass dir mol eng kéier en anere Wee op d'Aarbecht gaange sidd an doduerch eng nei Reklamm gesinn hutt.

Warscheinlech kommen iech lo direkt Verschwierungstheorien an de Kapp déi eisen Alldag net dominéiere sollen. Mee all offiziell an inoffiziell Neiegkeet dierf mat engem kritesche Bléck a mat Verstand hannerfrot ginn. Et kann een sech dach souwisou eng besser Meenung bilden, wann e Pro a Kontra zu engem Thema gelies huet, egal wéi vill Glawen dir dem schenkt.

Vill Spaass bei de neie Weeër déi dir entdeckt!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira