E richt net méi, den Doft hält net laang a wou lageren ech en eigentlech? Hei sinn är Äntwerten:

Dir hutt no laanger Sich e Parfum fonnt a stellt da fest, dass e guer net esou laang richt wéi erhofft? Besonnesch bei eis Frae schéngt dat méi komplizéiert ze sinn. Mee firwat hält Männerparfum méi laang? De Geroch vu Männerparfum ass méi staark an intensiv. Doduerch bleift en dann och méi laang an der Nues. Eng fetteg Haut kann och dofir suergen, dass de Parfum méi laang richt. Ween d'Kierperpartie virdrun acrèmt, dee garantéiert dass den Doft och méi laang drop bleift.
Och déi richteg Platz ass entscheedend. Besonnesch waarm Kierperpartie wéi d‘Handgelenker, den Hals an hannert den Ouere sinn ideal.

Mee wéi fënnt een dann elo de richtege Parfum? Et ass gewosst dass en Doft op all Haut aneschters richt. Probéiert dofir onbedéngt de Parfum un ärem Handgelenk aus. Am beschten ass et dir gitt da fir 20 Minutten aus dem Geschäft, réischt dann entfaalt sech de Geroch an dir kënnt an der frëscher Loft testen, ob en iech gefält.

De richtegen Doft ze fannen ass nu emol net einfach a situatiounsofhängeg. Do kann et da mol sinn dass ee vill ze vill Parfumen doheem stoen huet. Am Normalfall hält sech en oppene Parfum 12 bis 36 Méint. Se lafen dann net of, mee veränneren hiren Doft. Fir dass de Parfum laang hält muss en op enger net ze waarmer a fiichter Platz gelagert ginn. Sonn dierf op kee Fall dru kommen a lo kënnt de Feeler den ech och maachen: En dierf net an der Buedzëmmer stoen. Déi perfekt Platz ass also eng däischter a kill Géigend wéi zum Beispill an engem Tirang oder an enger Këscht. Do bleiwen Doftstoffer erhalen an dir suergt dofir dass de Parfum net kippt.

Och wann et en typesche Chrëschtdagskaddo ass, denkt dobäi drun dass e Parfum eppes ganz perséinlech ass an individuell muss rausgesicht ginn.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira