
© Pexels
Nëss sinn net nëmme lecker, mee och nach gesond. Dobäi hunn si ënnerschiddlech Funktiounen:
Verschidde Liewensmëttel si fir spezifesch Organer zoustänneg, dat och bei de Nëss. Wou virun e puer Joer nach de Mythos ronderëm gaangen ass, dass Fetter ongesond sinn, wësse mir lo, dass Nëss zu deene gesonde Fetter gehéieren déi fir de Kierper enorm wichteg sinn. Si bestinn aus Eewäiss, B-Vitaminnen, Vitaminn E, Kalzium, Magnesium, Eisen an Zénk an hunn ënnerschiddlech Funktiounen:
Si schützen d’Häerz, d’Gehier a reduzéieren de Kriibsrisiko.
Kakuette maache virun allem glécklech. D'Aminosaier gëtt am Kierper zu Serotonin ëmgewandelt a mécht Stëmmung besser.
Hieselnëss ënnerstëtzen d'Gehier. Duerch hiren héijen Vitaminn E Gehalt verhënneren se e séiert Älteren. Dobäi verbesseren se och nach d'Nerven a Gehierleeschtung.
Sportler mussen sech Cashewnëss op d'Akafslëscht setzen. Duerch de ville Magnesium sinn si gutt fir d'Muskulatur an hëllefe géint Krämp.
Ween en héijen Cholesterol huet muss Macadamianëss iessen. 10 Stéck pro Dag kënnen do schonn hëllefen.
Fir d'Häerz an d'Gehier sinn Hackernëss ideal. Verhale kënnt dir iech dat un der Form déi engem Gehier änelen.
Opgepasst och wann Nëss extrem gesond sinn hunn se och vill Kalorien. Wee sech direkt eng Portioun preparéiert behält dann och den Iwwerbléck.
xx, Mira