Dir wësst net wéi ee vegan fir Chrëschtdag kache kann? Hei kommen e puer Tipps: 

Chrëschtdag steet virun der Dier an domat och d'ganz Famill mat hiren ënnerschiddleche Virléiften. Do ass et da ganz kloer dass een och beim Iessen oppasse muss. Sief et dass den ee villäicht eng Allergie huet an den anere gär vegan ësst.
Déi Deeg sollen awer virun allem harmonesch sinn a keng grouss Erausfuerderung bedeiten. Dofir kommen hei meng Tipps fir vegan Chrëschtdeeg. Opgepasst, déi sinn och fir all anere lecker!

Mat einfachen Tricks kënnt dir äert Iesse wat dir souwisou kacht vegan maachen. Ersetzt dofir är Mëllechproduite mat Alternativen déi op Soja oder Huewerbasis produzéiert ginn. Vegane Botter, Ram oder Kéis ze fannen ass do scho laang keng Challenge méi.

De Wanter ass Zäit vum Kürbis an do fënnt een eng ganz Réi Rezepter déi automatesch och vegan sinn. E Curry mat Kokosmëllech, Geméis am Schäffche mat veganem Feta oder villäicht awer eng klassesch Zopp? 
Ween awer léiwer säi klassesche Menü mat enger veganer Alternativ ubidde wëll, de fënnt am Supermarché e ganze Koup Fleeschalternativen, déi op den Teller dierfen.

Iech fält näischt an? Da probéiert dach Roude Kabes mat Gromperen an engem vegane Gulasch aus Sojagranulat. De kritt ee scho fäerdeg ze kafen a ka wéi ganz normaalt Fleesch zoubereet ginn. Generell gëllt: keng Panik. Et ass een oft iwwerfuerdert wann een dat Wuert vegan héiert bis dass e mierkt dass et guer net komplizéiert ass. Fir all Produit gëtt et nämlech eng vegan Alternativa sou bëssen op Fleesch ze verzichten huet nach kengem geschuet. Speidsdens beim Dessert kënnt dir äre Kapp a Rou leen. Vegane Schockelaskuch: It's a yes for me. De besteet nämlech haaptsächlech just aus Schockela a schmaacht dofir vill méi intensiv.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

Schéi Chrëschtdeeg, äert Mira