Mir brauchen all e bësse Glitzer am Liewen!

Net nëmme fir Silvester brauche mir besonnesch Outfits, et kann een sech och fir all aneren Dag schéi maachen an dofir kommen hei e puer Inspiratioune fir déi méi speziell Eventer am neie Joer.

Ob doheem, oder ausserhalb: Glitzer ass a wäert ëmmer en Trend sinn. Dofir maachen d’Fraen domat ni eppes falsch. E Rack mat Pailletten an dir faalt direkt positiv op. Ween et awer méi gemitterlech wëll, de kann och e bequeemen Jumpsuit oder eng weit Box undoen. Do ass et dann och egal wéi vill dir iesse wëllt an dir kënnt iech wuelfillen.

Woumat dir ëmmer gutt gekleet sidd, dat ass "das kleine Schwarze". E schwaarze Rack de schlicht ass, huet gläichzäiteg ëmmer eppes Elegantes. Dobäi da schéi Schong a villäicht e roude Lëppestëft an äert Outfit steet.

Bei de Männer ass et do villäicht méi einfach, dir sidd bal ëmmer gutt. Soubal dir e flott Hiem unhutt huele mir iech iwwerall mat. D’Box decidéiert da wéi schick äert Event soll sinn. Méi casual, dann dot einfach eng Jeans Box an en Hiem un. Wann et awer méi extra soll sinn, dann ass eng Kostüms Box genau dat richtegt. De Paltong kënnt dann nach dobäi, wann et wierklech schick muss sinn. Dir entscheet da vun Etapp zu Etapp, wéi extra äert Event ass. Dat wichtegst ass fir mech awer bei all Outfit, dass een sech selwer wuel fillt. Dot näischt un dat iech net representéiert, dir musst iech selwer gefalen, genee dat straalt dir dann nämlech och aus.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

Schéint neit Joer, Mira