Firwat huele mir eis iwwerhaapt Virsätz a fir wat klappen déi meeschtens net?

Wéi all Joers huele mir eis och dëst Joer vir, déi bescht Versioun vun eis selwer ze ginn. Méi Sport, méi Disziplin, méi Balance am Liewen. Mee wat brénge Virsätz iwwerhaapt wa mir eis dach souwisou net drun halen? Virun allem Motivatioun. Ob et elo e neit Joer ass, e neie Mount oder och just eng nei Woch. E motivante Startschoss fënnt een ëmmer wann ee wëll, mee de brauch een och fir sech e Ruck ze ginn. Gewosst ass awer och dass déi meescht Virsätz fir d'neit Joer no e puer Woche schroem vergiess sinn. Mee wourunner leit dat?

Déi meeschte Leit huelen sech just eppes vir well et Traditioun ass a net well se wëllen. Wann dir wierklech motivéiert sidd eppes ze veränneren, da kënnt dir dat och erreechen. Déi richteg Struktur ass do dat wichtegst. Wee vun engem Dag op den anere radikal alles ännere wëll, den ass oft just nach iwwerfuerdert. Wann dir iech awer kleng Schrëtt virhuelt, kënnt dir déi ëmmer nach erweideren. Amplaz direkt 5 Deeg d'Woch an de Fitness ze goen, kënnt dir iech och virhuelen 3 mol d'Woch Sport ze maachen. Wee gär eng Challenge wëll, de kann einfach mol fir d'éischt e Mount op Zocker verzichten amplaz sech wëlle fir ëmmer alles ze verbidden. Mee d'Virsätz fir d'neit Joer mussen net direkt déi al bekannte Klassiker sinn.Wichteg kann och si méi Zäit fir sech selwer anzeplangen. Méi oft e Buch liesen, mat Frënn telefonéieren oder och eng Mueresroutine aféiere kënnen sech positiv ob är Zefriddenheet auswierken. Virun allem ass et awer wichteg sech net ze stressen. Wann dir zefridde sidd, da musst dir och näischt änneren. Wann dir eppes verbessere wëllt, da kann e neit Joer fir déi néideg Motivatioun suergen.

Ech perséinlech huele mir vir mech 2022 manner ze stressen, eng Balance mat Sport an iessen ze fannen a virun allem dankbar ze sinn.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira