
© Pexels
Scho mol duerch e Mëssverständnes Streit gehat? Hei sinn Tipps fir déi richteg Kommunikatioun:
Eis Kommunikatioun verännert sech an domat och d'Aart a Weis mat Leit ëmzegoen. Wat een engem soss just riicht an d'Gesicht soe konnt, geet mëttlerweil iwwer Telefon, Sms oder social media. De Gréisste Problem dorunner sinn d'Mëssverständnesser. An enger Sms héiert een d'Tounlag net an e feelenden Emoji ka schonn dofir suergen, dass ee falsch verstane gëtt. Heirobber musst dir besonnesch oppassen:
Huelt net alles direkt ze perséinlech. Eng Sms ouni Smiley heescht net direkt dass de Message negativ gemengt ass. Villäicht benotzt déi Persoun ongär Emojien, oder si war grad am Stress an huet séier eppes misste schreiwen. An deene meeschte Fäll ass de Message ganz aneschters ukomm wéi e gemengt war.
Wann iech iergendeppes net passt, da frot ganz einfach no.„Hunn ech richteg verstanen dass…" a scho kritt dir eng Erklärung oder déi Persoun kann hire Message selwer hannerfroen. Dat geet iwwregens och an der reeller Kommunikatioun.
Net nëmmen d'Mëssverständnesser si méi heefeg ginn, mee och d'Éierlechkeet leit ënnert de neie Méiglechkeeten. Amplaz engem ze soe wéi et engem geet oder ob e rosen ass, verstoppe mir dat hannert krypteschen Insta Posts oder verlinken een net ob Fotoen. Déi richteg Kommunikatioun face to face ass a bleift awer déi eenzeg Méiglechkeet, éierlech ze sinn a Problemer ze léisen ouni neier ze provozéieren. Denkt einfach drun, dass villes falsch verstane gëtt ouni dass et schlecht gemengt war an dass e léiwen Toun an Éierlechkeet déi bescht Methode sinn, Konflikter ze léisen.
xx, Mira