
© Pexels
Wat fir eng Alternativen ginn et a wat mécht een domadder?
Dir sidd am Supermarché, wëllt Miel kafen an e bemol stinn do méi Mielzorte wéi een sech virstelle kann. Dass een sech Mëttlerweil net nëmme just tëschent Vollkarmiel a Glute freit Miel decidéiere muss ass gewosst. Mee wéi eng Alternative ginn et a wéi benotzt een se?
Déi bekanntst Alternativen si Mandel, Kokos an Hanfmiel. Se si low carb an hu méi Proteinne wéi normaalt Miel. Mandelmiel ass awer net mat gemuelenen Nëss ze vergläichen. Déi sinn nämlech vill méi fetteg. Ausserdeem huet et e liichte Goût no Marzipan an ass besonnesch fir séiss Baakrezepter gëeegent. Mandelmiel kann een net komplett mat normalem Miel ersetze well et vill méi Flëssegkeet unhëlt. Oft ass an de Rezepter awer schonn ugi wéi vill een domat ersetze kann. Eenzegen Nodeel: Mandelmiel ass extrem deier an éischter e Luxusartikel.
Kokosmiel ass dogéint méi bëlleg an huet en extrem leckere Kokosgoût den ideal ass fir ze baken. Menger Erfarung no weess ech awer dass dir just 1/3 vum Rezept mat dësem Miel ersetze kënnt. Soss leien är Pancakes och an der Poubelle. Et huet vill Proteinnen a wéineg Fett. Dobäi ass et och nach gesond a schützt de Kierper géint Viren a Bakterien. Ideal ass et a séisse Rezepter, mee och beim Kachen a bei Zoossen.
Zu gudder lescht, Hanfmiel: Et huet en ideaalt Verhältnis vun Omega 6 an Omega 3 Fettsaier, ka bis zu 15 Prozent normaalt Miel ersetzen an ass villsäiteg asetzbar. Dir wäert bei ville Rezepter mierken dass eng Kombinatioun aus dësen dréi Mielzorte gefuerdert gëtt a sou dat ideaalt Verhältnis entsteet. Wéi ëmmer ass eng Mëschung aus allem dat bescht.
xx, Mira