Gutt organiséiert kann een och an der Pandemie reesen. Hei meng Tipps: 

Och an enger Pandemie kënnt et mol vir dass eng Rees usteet. Sief et aus berufflechen oder private Grënn. Mee ob wat muss een do an den aktuellen Zäiten oppassen a wéi bereet een sech vir?

Wichteg ass virun allem dass dir iech mat de Mesuren aus der Ziilregioun ausenaner setzt. Normalerweis huet all Land en offiziellen Internetsite de reegelméisseg geupdate gëtt. Do fannt dir dann ob dir iwwerhaapt areesen dierft, ob dir geimpft musst sinn, en Test braucht a wéi d‘Quarantänereegle sinn. Fir ze ëmgoen dass dir eppes kuerzfristeg verpasst, denkt drun des Säiten och nach 2 Deeg virun ärer Rees ze iwwerpréiwen.

Soubal dir do alles parat hutt gëllt et elo nach ze kucke wéi  d'Reeglen an ärem Heemechtsland si wann dir zréck kommt. Dat kann sech zu all Reeszil ënnerscheeden. Do ginn et ënnerschiddlech Quarantänreglen zu Risikolänner an aneren Uertschaften. Wann dir alles gekläert hutt kënnt dir d'Valise paken.

Mee och do dierf een an dësen Zäiten aneschters pake wéi gewinnt. Masken an Desinfektiounsmëttel dierf op kee Fall feelen. An opgepasst, a verschidde Länner si Ffp2 Maske Flicht, an anere ginn och medezinesch Masken duer.

Reesen an der Pandemie fuerdert méi Disziplin an Organisatioun, kann dono awer genau sou flott si wann dir iech un all d'Reegelen haalt. Denkt ëmmer drun ob iech an är Matmënschen opzepassen a respektvoll mat der Situatioun ëmzegoen. Dann dierf d'Valise och mat Freet gepaakt ginn.
A wann déi ganz Pandemie eriwwer ass léiere mir trotzdeem doraus wéi wichteg et ass sech am viraus ze informéieren. Déi exotesch Länner fuerderen oft gewëssen Impfungen oder e besonnesche Visum. Gutt organiséiert mécht alles méi freet.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

 xx, Mira