D'Joer 2022 gëtt elegant a lässeg: 

Neit Joer, nei Trends an der Moud. Am Joer 2022 gëtt et elegant a lässeg. Mäi Favorit wäerten elo schonn déi weit Schnëtter sinn, déi der Silhouette schmeechelen. Dat geléngt mat wäiten Hiemer, breede Schëlleren a lockere Boxen. Déi feminin Säit ënnerstëtzt een da mat Rimmer a Bijouen.

E weideren Trend ass de "Bra-Top" de schonn am leschte Joer ëmmer méi präsenz gewisen huet. D'Wuert seet et schonn. Heifir dot dir zum Beispill e Boxekostüm un an drënner just e Bralette. Opgepasst, dat ganzt soll edel an net bëlleg ausgesinn. De passende Bralette ass do éischter méi sportlech a bedeckt d’Haut komplett.

Och in si Räck mat engem héije Colle. Virun allem am Fréijoer sinn déi aus engem méi decke Stoff a kenne mat Stiwwele kombinéiert ginn. Se leien enk um Kierper un a loossen een nach méi grouss wierken.

En Trend bei dem ech mir nach net sou sécher sinn, si knapp Toppe mat Schnoueren. Domat weist dir méi Haut an et kann ob enger Jeans edel ausgesinn, Betounung leit awer do ob „kann“. Dat ganzt wierkt nämlech och séier net ubruecht.

Déi weit Boxe bleiwen dann och dëst Joer am Trend, wat vill Frae freeën dierft, och wann d'Männer dovun éischter kee Fan sinn. High wasted Jeans oder Paperbag Boxe wäerten eis duerch d'Fréijoer begleeden. Virun allem am Summer wäerte mir da Juppe mat Schlitz oder weit Alternative gesinn. Déi sinn virun allem weiblech, elegant a maachen all Outfit besonnesch.

Ech free mech schonn op déi nei Trends a si gespaant wat äre Favorit wäert sinn.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira