Kommerziell oder einfach just schéin?

Vältesdag, kommerziell oder schéin? Och wann ech den Dag net komplett sënnvoll fannen, en ze vergiessen ass och iergendwéi schued. An dofir kommen hei meng Iddie fir de 14 Februar, wann dir kee Fan vun der kommerzieller Ëmsetzung sidd:

Mir sinn eis scho mol eens, et sollt een op mannst dorun denken. Dofir nach eng kéier heimat de klenge Reminder. Mee wat mécht een dann elo ob dem Dag? Iesse goe gëtt deier an onperséinlech. Dir setzt dann nämlech an engem Restaurant voller Koppelen a kommt iech vir wéi an enger Reklamm fir eng Datingsäit. Alternativ dozou kënnt dir iech äert Liblingsiesse bestellen an et doheem e bësse méi romantesch maachen. Oder dir kacht ärem Partner eppes a wéist domat, dass dir un e geduecht hutt. Dofir ass Vältesdag jo och do. Fir einfach mol Merci ze soen an ze weise wéi gär een sech huet. Déi kleng perséinlech Geste sinn also dat wichtegst.
Wa Blummen ee frou maachen, schwätzt absolut näischt dogéint och ob dem Dag eng Liblingsblumm ze verschenken. Mee et soll ebe keng Mussesaach sinn a bei ee passen. Lauschtert do einfach op äert Häerz an da fält iech scho ganz séier an, wéi dir ärem Partner eng Freet maache kënnt.

Ween awer absolut kee Fan vu Vältesdag ass kann et jo als Iddi huelen iergend een aneren Dag am Joer sengem Partner ze weisen, wéi gär een e huet. Et soll een e Mënsch nämlech ni fir Selbstverständlech huelen an dorunner dierf eis den Dag och erënneren.

A fir Singles dobaussen? Dir kënnt iech selwer feieren. Wéi staark dir sidd, wéi glécklech dir mat iech selwer kënnt sinn a wéi dir är Prioritéit sidd. Dat soll och an enger Partnerschaft ni vergiess ginn. A firwat op dem Dag net un eng gutt Frëndin oder e Frënd denken an dem einfach mol e Stéck Schockela virun Dier leen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

Ech schécken iech ganz vill Léift, äert Mira