Och d'Reese gëtt méi deier an dofir lount et sech laangfristeg drop hinzesteieren.

Dir wëllt reesen a sidd schockéiert, wéi deier alles gëtt? Dat war ech och wéi ech festgestallt hunn, dass déi meeschten Airlines d'Handgepäck gestrach hunn. Wann een dann eng kleng Valise mat an de Fliger huele well, däerf een do direkt schonn drop bezuelen. A sou geet et da weider. De Flug den eigentlech sou bëlleg war, gëtt mat e puer klicks duebelt sou deier. Dat ass awer nach laang net alles. Mee keng Panik, mat e puer Tricks kann een sech finanziell gutt op eng Rees virbereeden:

Wann dir elo scho wësst wou et soll higoe gëllt weiderhin: Wat méi fréi wat besser. Wichteg ass do an den aktuellen Zäite just ze kucken, ob dir dat ganzt och stornéiere kënnt. Et ass vu Virdeel mat Zäiten op eng Rees hinzespueren. Do gi scho kleng Beträg duer. Ween et gär old school hätt, geheit mol Mënz oder Schäiner déi ronderëm leien an e Spuerschwäin. Dat geet mëttlerweil awer och mat Apps bei deenen automatesch ëmmer rëm Suen op e Kont abezuelt ginn.
Dir kënnt iech am Alldag och eng Lescht maachen ob wat dir fir är Vakanz verzicht hutt. Dat motivéiert a weist direkt, wat dir gespuert hutt. Wann dir also kuerzerhand iwwerleet e Kaffi to go ze huelen, dir iech awer dogéint entscheet, kennt dir de Montant direkt opschreiwen a fir är Vakanz ob d'Säit leen.

Vu Virdeel ass et och sech iwwert déi finanziell Situatioun an ärer Reesdestinatioun ze informéieren. Dir musst iwwerpréiwen ob är Kreditkaarten trotzdeem funktionéieren a wou et méi bëlleg ass d’Suen ze wiesselen.

Reest dir mat enger Persoun zesumme sinn déi Apps en absolutte Game Changer, wou ee seng Ausgaben opschreiwe kann. Déi rechnen da ganz vum selwen aus, wien zum Schluss vun der Vakanz méi bezuelt huet. Sou musst dir iech näischt verhalen a braucht net op der Platz alles ze deelen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira