Mat e puer einfachen Tricks kritt dir äert Rezept méi gesond oder vegan:

Zu menge Liblingstheme gehéieren definitiv d'Foodtrends an dofir kommen hei e puer Iddie wéi dir mat einfachen Tricks äert Rezept Low Carb oder Vegan maache kënnt:

Vill Botter, Eeër a Miel sinn net onbedéngt déi gesondst Zutaten an engem Rezept, mee se suergen dofir dass et gutt schmaacht. Dat ganzt kann een awer och ersetzen an doduerch gëtt äre Kuch direkt eng Grimmel méi gesond. Wee kee Botter benotze wëll well e vegan ass, de ka ganz einfach ob vegane Botter zréckgräifen. Mëttlerweil gëtt et bal fir alles en Ersatzproduit, och fir Eeër. Wann dir awer gär hätt dass äre Kuch manner Kalorien huet, kënnt dir Botter mat Jugurt, Bottermëllech oder mat fettreduzéierten Alternativen austauschen. Bei den Eeër ass et méi einfach, déi kënne mat Aapelkompott, Chiasomen oder zeidege Banannen ersat ginn. Passt just mat der Quantitéit op. Déi ännert dann natierlech och. Déi sougenannte Chiaeggs gi virun allem a vegane Rezepter benotzt. Mat e bësse Waasser quëlle loossen a schonn hutt dir eng Konsistenz déi engem Ee extrem no kennt.

De gréisste Problem beim baken ass wuel den Zocker. Wann et net séiss ass schmaacht et och net, mee dofir musst dir nach laang kee raffinéierten Zocker benotzen. Am Banannebrout kënnt dir souguer komplett drop verzichten, wann är Bannen zeideg genuch sinn. Da schmaachen déi nämlech scho vun eleng extrem séiss. Mäi Favorit beim Zockerersatz ass den Ahornsyrup, Hunneg oder Dattelsyrup. Domadder kënnt dir äert Rezept mat guddem Gewësse méi séiss maachen. Och Kokosblütenzocker ass eng gutt Alternativ. Wien et dann nach gäre Lowcarb hätt, de ka Miel wéi Kokos, Mandel an Hanfmiel benotzen oder och mat Huewerflacke baken.

Denkt awer drun, heiansdo däerf een sech och eppes gënnen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira