Wat si Bitterstoffe a firwat hu vill vun eis e Manktem doranner?

Vill Leit hu Problemer mat hirer Verdauung a speziell mam Daarm. Dat kann dorunner leien, dass an eiser Ernierung net genuch der sougenannter Bitterstoffe dra sinn. An de Liewensmëttel fënnt e Bitterstoffe zum Beispill am Brokkoli, Fenschel, Chicon, Äppel an a Gewürzer wéi Kümmel. Duerch hire battere Goût goufen se fälschlecherweis als gëfteg empfonnt an iwwer Joren aus de Liewensmëttel rausgeziicht. De Problem dorunner: mir hunn e Manktem u Bitterstoffe an de suergt ënner anerem fir Problemer mat der Mosaier, mam Cholesterol an der Daarmflora. Zousätzlech kënnen se och e Grond fir Heißhungerattacke sinn.

Niewent der normaler Ernierung kann een déi awer och supplémentéieren. Do ginn et verschidde Produite wéi zum Beispill Drëpsen déi een nom iessen anhuele kann, Kapselen, Polver oder Téi.

Wann ee Bitterstoffe supplementéiert kann et am Ufank zu Niewewierkunge wéi Kappwéi kommen, well de Kierper net un d'Quantitéit gewinnt ass. Et soll een de Kierper dowéinst lues a lues drun gewinnen.

Wiem gëtt dann elo gerode Bitterstoffer ze supplémenteieren? Huet de Kierper net genuch Bitterstoffe kann d'Verdauung verréckt spillen an dat schwächt d'Immunsystem. Et kann also e méigleche Grond sinn, firwat dir iech einfach net a Form spiert. Generell si Bitterstoffe planzlech a kënne sécher net schueden. Fir all déi déi mierken, dass hier Verdauung net intakt ass, déi kënne probéieren hirem Kierper geziilt mat spezifesche Liewensmëttel oder eben och an anere Forme méi Bitterstoffe ze ginn. Ech wäert dat sécher testen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira