Not a morning person? Villäicht feelt iech do einfach déi richteg Routine!

Äre Virsaz war mat Mueresroutinnen an den Dag ze starten, mee dir hutt do nach net wierklech äre Wee fonnt? Hei kommen e puer Inspiratioune wéi dir Routinne starte kënnt déi iech gutt dinn:

Fänke mir mat dem richtege waakreg ginn un. Wa mäi Wecker an engem rabiaten Toun schellt dann ass et bei mir schonn eriwwer mat der Rou. Ech ginn tatsächlech vun all klengem Toun waakreg an dofir ass mäi Wecker och éischter eng roueg Melodie. Stellt iech den op mannst 10 Minutten éischter dass dir net an de Stress kommt.

Wann dir awer wierklech eng Routine fanne wëllt, dann huelt iech Zäit fir iech selwer. Am Buedzëmmer geet et weider. Déi richteg Crème kënnen hëllefen, dass een sech direkt besser fillt. Wann dir eppes Killes braucht kënnt dir déi och an de Frigo stellen, doduerch wierkt d’Gesicht dann net sou geschwollen.
E weideren Trend ass Gesiichtsyoga. Kléngt komesch, soll awer wierklech hëllefen d'Muskelen am Gesicht ze aktivéieren, d'Haut ze straffen a falsch Haltungen ze miniméieren.
Ween e bësse méi Zäit moies zur Verfügung huet de ka mat Yoga oder Meditatiounen an den Dag starten. Doduerch hutt dir d'Gefill, dass iech den Dag net sou iwwerrennt an dir och wierklech mat positive Gedanke starte kënnt. Ween et nach net den Owend virdru gemaach huet, de kann sech moies kuerz dohinner setzen an den Dag plangen. Wat si meng to-dos? Wat plangen ech fir mech selwer an a wat well ech iwwert den Dag erliewen? Ween sech bewosst doriwwer ass, wéi säin Dag kéint ausgesinn, huet och méi Kontroll doriwwer wéi en ofleeft.

Ech selwer muss meng Mueresroutine och nach optiméiere mee eent ass kloer: wien ouni Stress a mat positive Gedanken an den Dag start, huet säi Gléck och e Stéck selwer an der Hand.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira