Ze grouss, ze deier oder ze onpraktesch: Tinyhaiser beweisen do de Contraire.

Dir hutt et bestëmmt schonn op Fotoen an Zeitunge gesinn. Ganz kleng Haiser déi sou ekipéiert sinn, dass een dra wunne kann. Dat ganzt nennt sech Tinyhouse an ass eventuell eng Léisung fir d'Zukunft.

D'Iwwerleeung dovunner ass: minimalistesch op klengem Raum liewe bedeit manner Suergen. Ursprénglech kommen déi kleng Haiser aus den USA, se hu mëttlerweil awer och hire Wee an Europa fonnt. Vu 25 bis zu 100 qm2 ass alles dobäi. En Tinyhouse op Rieder, eent gebaut aus engem Container oder e ganz normaalt Haus wat sou minimalistesch wéi méiglech gehale gëtt.
E grousse Virdeel ass dass Tinyhaiser natierlech manner Platz ewechhuelen an de Wunnsëtz oft méi flexibel rausgesicht ka ginn. Wann ee bedenkt dass et ëmmer méi schwéier ass frei Grondstécker ze fannen, géif ee mat Tinyhaiser vill Platz spueren. De gréisste Virdeel ass awer dat Finanziellt. E kléngt Haus kascht manner. Och wann d'Haiser vu 60.000 Euro bis zu méi héijen Zomme kënne kaschten, ofhängeg dovu wéi vill Luxus et soll hunn, huet een insgesamt awer méi finanziell Virdeeler. Wat en Haus méi kleng ass, wat et manner Stroum, Waasser an Hetzt verbraucht. De Virdeel u klengen Haiser ass awer och, dass ee manner Platz huet fir Saachen ze kafen. Wien also sou gär Telleren an Taasse keeft wéi ech, muss sech do e bësse limitéieren.
Eppes wat awer nach vill Leit freeën dierft ass de Fakt, dass ee manner botze muss. Éier een sech dozou decidéiert en Tinyhouse ze kafen muss een sech awer e ganze Koup froe stellen. Sinn ech fäeg minimalistesch ze liewen? Soll et mäi Büro, mäi Vakanzenhaus oder mäi richtegt doheem ginn? Et ass mat Sécherheet net fir jiddereen eppes, mee op laang Siicht kéint et eng Méiglechkeet sinn jidderengem awer e klengt perséinlecht doheem ze erméiglechen

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira