Dir hutt kee Fitness Studio parat a wëllt awer sportlech sinn? Mat deenen Tipps ass dat kee Problem:

Et ka mol Sinn dass een iwwert eng méi laang Period an der Vakanz oder einfach net doheem ass. A mengem Fall ass dat grad fir mäin Erasmus de Fall. Do huet een dann net ëmmer e Fitness zur Verfügung. Mee och wann dir just eng Woch fort sidd an d'Fangeren net vum Sport loosse kënnt, kennen déi heiten Tipps villäicht eppes sinn. Wéi bleiwen ech Fit an dat och ouni Fitnessstudio:

Dat aller wichtegst ass eng Yogamatt. Déi kann een sech och ëmmer bëlleg kafe wann een se net matschleefe wëll. Dorop kënnt dir dann sou zimmlech all Workout maachen den dir wëllt. Vu Yoga, Pilates bis zu High intensity Workouts. Wann dir Iddie braucht oder een den iech puscht, fannt dir e ganze Koup gutt Videoen op Youtube. Ween dann nach e klengen Upgrade well, de ka scho mat einfachen "Bootybänner" oder "resistance bands" säin Training steigeren. Gleeft mir, do braucht dir kee Fitnessstudio fir den Dag drop Muskelkater ze hunn. Wichteg ass heibäi virun allem déi richteg Ausféierung. Wann dir verstärkt un äre Muskel denkt den dir trainéiert a beim Training och de Fokus drop leet, spiert dir definitiv wat dir gemaach hutt. Wann dir dobäi awer eng falsch Haltung hutt, trainéiert dir alles mee net dat richtegt. Villäicht gehéiert dir och zu der Kategorie Mënsch déi mengen ouni Schweess hätten se kee Sport gemaach. Och wann dat absolut net stemmt. Wann iech Hit Workouts net gefalen, gi Lafschong schonn duer fir dobaussen déi nei Géigend och einfach mol sportlech ze entdecken. Fir all déi déi awer just eng kuerz Zäit an der Vakanz sinn, dir kënnt iech an ärem Kierper och mol e bësse Rou gënnen oder mat Yoga a meditéieren nei Méiglechkeeten entdecken.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira