Wann dir oft är Ae wéi oder Kappwéi hutt, kéinten des Brëller eng Léisung sinn: 

Spéitstens mam Ufank vun der Pandemie a mam Home Office si Bloluuchtfilter Brëller Trend ginn. Ob se engem Hëllefen oder net ass wuel ganz individuell festzeleeën.

De Mënsch ass Luuchtempfindlech an huet säin Alldag der Hellegkeet ugepasst.
Hautzedaags hu mir awer duerch de Fernsee, Handy, de Laptop an aner elektronesch Geräter permanent en Afloss vu Luucht op eis Ae wat eise Schlofrhythmus verännere kann. Weider Niewewierkungen si Kappwéi, Konzentratiounsschwieregkeeten an Ae wéi.

Eng méiglech Léisung heifir si Bloluuchtfilter. Si sollen d'Ae virun allem entlaaschten. Dës Brëller solle verhënneren, dass onnatierlech blo Luucht vum Ae wouer geholl gëtt. Doduerch soll d'Gehier keng falsch Luuchtmeldungen iwwermëttelen. Wa keng blo Luucht an d'Ae kënnt wat dem Gehier Dagesluucht an domat Aktivitéit vermëttelt, kënnt een Owes och éischter zu rou an et kann ee senger natierlecher Middegkeet nogoen.
D'Technik hannert de Brëller ass mat normale Sonnebrëller ze vergläichen. D'Glieser hunn eng speziell Beschichtung, déi des Wellelängt rausfiltert. Déi meescht Bloluchtfiltere hunn eng Téinung dra mat engem liichte Gieltoun. Virun allem beim Computerspiller oder beim schaffe virum Laptop ass een onnatierlechen HEV-Luchtquellen ausgesat déi d'Nerve schiedege kënnen. Dës Brëller kéinten dobäi hëllefen, eng Laangzäitstudie gëtt et awer nach net.

Ech selwer hu fir mech festgestallt, dass et mir hëlleft meng Aen net ze vill mussen unzestrengen. Well ech eigentlech kee Brëll brauch, sinn ech ob normaalt Glas ugewisen. Mat ausprobéiere fënnt do jidderee fir sech raus, wat de perfekte Brëll ass an ob et engem iwwerhaapt hëlleft.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

 xx, Mira