
© Pexels
Wat dierf ech afréieren, ob wat muss ech oppassen a wéi laang sinn d'Saache gutt?
Wee kennt et net. Et huet een alt rëm ze vill gekacht, de Feta net ganz gebraucht oder ze vill akaaft. Wechgeheien ass keng Optioun, mee wat mécht ee mat dem ganze Recht? Afréieren. Tatsächlech kann ee méi afréiere wéi ee mengt, et muss ee just wëssen ob wat een oppasse muss.
Dat wichtegst ass virun allem dass dir alles gutt dicht verpaakt an äert Iesse kal ass. Ween eng grouss Tru huet de sollt sech och ëmmer drop schreiwe wat dran ass. Agefruer ass d'Iessen dono oft net méi richteg erkennbar. Mee wat kann een dann elo afréieren? Bal alles. Wee moies gär frëscht Brout hätt, awer net ëmmer bei de Bäcker fuere wëll, ka sech säi Brout och afréieren. Dann huelt dir déi Portioun déi dir iesse wëllt raus, wéckelt se an e Kichenduch a schonn hutt dir moies Brout frech wéi vum Bäcker. Klengen Tipp: wann et méi séier goe soll: einfach kuerz bei niddreger Temperatur an de Schäffche leen, dann ass et och nach gutt waarm oder einfach toasten.
Virun allem als Single kënnt et oft vir, dass een einfach ze vill huet. E ganze Feta packt een net, den Dag drop huet een awer net onbedéngt Loscht dat nämmlecht ze iessen. Da kann een en och einfach afréieren. Genau sou och den Tofu oder frësch Kraider. Ganz klassesch kennt een et jo dass een Tomatenzooss afréiert. Dat kann een awer och mat fäerdege Portioune maachen déi ee scho virgekacht huet. Wann et dann eng kéier séier goe soll, muss een d'Iesse just nach mat Zäiten aus der True huelen. Och Fësch a Fleesch gi gären agefruer, genau sou wéi Uebst a Geméis.
Passt just ob dass äert Iessen och agefruer net éiweg hält. Brout hält bis zu 3 Méint, Mëllechproduite bis zu 6 a Fësch a Fleesch däerf maximal 12 Méint agefruer sinn. D'Qualitéit vum Iessen an d'Närstoffer ginn doduerch och net verluer.
xx, Mira