Skandinavesch, Boho oder awer éischter elegant?

Dir plënnert an eng nei Wunneng oder wëllt äert Doheem veränneren a kommt zu der grousser Fro: Wéi een Ariichtungsstil gefält mir eigentlech? Wat passt zu mir? A wéi engem Trend soll een nogoen? Do begéinen engem da Wieder wéi Skandinavesch, Boho a shabby Chic a verständlecherweis och e ganze Koup Froen. Dat Schwéierst dorunner ass wuel, dass een sech scho ganz am Ufank festleeë muss. Mee wéi ee Stil ass dann elo wat?

Den Trendsetter ass virun allem de skandinavesche Stil. Den ass elegant, schlicht a fir sech wuelzefillen. Dir fannt souwuel minimalistesch Designs wéi och Holzelementer an dat ganz begrenzt sech ob Naturtéin. Vill wäiss, brong a beige ass ze fannen. Heiansdo och e puer schwaarz Elementer. Ween et gär clean hätt, sech awer och doheem wuelfille wëll, fir den dierft de Skandinavesche Stil déi passend Optioun sinn. Virun allem u Këssen an Decke gëtt do net gespuert.

Boho kënnt dem zimmlech no, huet awer virun allem och nach e puer spirituell Elementer. Dir fannt vill Deko mat Fransen, Holz a Palmen. Et ass gemittlech an idyllesch an och do gi virun allem hell Faarftéin benotzt.

Shabby Chic ass dogéint éischter feminin a verspillt. Do geet et méi em Gemittlechkeet wéi em de schlichten Designe. D'Miwwelen si wäiss an dierfe belibeg gemixt ginn. Wee perfektionistesch ass sollt d'Fanger dovu loossen. Beim Shappy Chic si Gebrauchsspuere wëllkommen an och d'Faarf dierf mol ofbliederen. D'Deko ass aus Gold, Selwer a Koffer an d'Këssen an d'Decken virun allem aus Samett a Seid. Wat bei dem enge Stil méi cozy a romantesch ass, ass bei dem anere virun allem clean a minimalistesch.

Fir d'Männer fënnt een do vill a schwaarzen Téin, kill a mat wéineg Deko. Virun allem modern soll et sinn a Plazspuerend.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira