D'Léisung fir all déi, déi d'Flemm hunn stonnelaang no hire Kaarten am Portmonni ze sichen: 

Wat hunn ech et gehaasst wann ech mäi Portmonni opgemaach hunn a fir d’éischt mol Stonnelaange no der richteger Kart gesicht hunn. Et huet een der einfach ze vill, do si mir eis all eens, a virun allem vill ze vill onnéideg Saachen. Mënz a Schéiner spillen do déi klengste Roll. Da kënnt nach den Timing dobäi. Et sicht een natierlech net no enger Kaart wann een Zäit huet, mee wann ee gestresst an der Kees steet.

Dofir gëtt et awer eng Léisung an dat ass e Kaartenetui. Dat ass e Portmonnie wou ee just seng Karten dramécht. Mat engem Klick sprangen déi dann all sortéiert eraus an et kann een sech déi Kaart raussichen, déi ee brauch.
De Virdeel dovunner, ären Portmonni ass direkt méi liicht, dir hutt alles schéi sortéiert a kommt net ob d'Iddi Saachen an ärem Portmonni ze sammelen déi souwisou kee brauch.

Eenzegen Nodeel: dir hutt keng Mënz oder Schéiner parat.
Ech perséinlech géif et och guer net schlecht fanne ganz kënnen dorop ze verzichten. Mee tatsächlech ginn et ëmmer nach extrem vill Platze wou ee guer net mat der Kaart bezuele kann. Dofir kënnt dir iech entweder e klenge separate Portmonni mat Mënz uschafen, et ginn awer och Kaartenetuien déi e klengt Fach dofir virgesinn hunn.
Insgesamt ass ee sou awer gezwonge mol e bëssen auszesortéieren an et huet een einfach e besseren Iwwerbléck.

E weidere Problem den domat geléist ass, ass d’Méiglechkeeten engem duerch d'bezuelen ouni Kontakt  Suen ze klauen. Do geet et schonn duer wann ee just mat sou engem Apparat laanscht e geet. Déi Kaartenetuien hunn awer meeschtens e Cardless Blocker agebaut wou dir extra dogéint geschützt sidd. Et ass also net nëmme praktesch mee och nach e bësse méi sécher.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira