Wat eng kéier Trend war kënnt rëm zréck, dat ass Gesetz. 

Alles wat eng kéier Trend war kennt rëm zréck, souwuel an der Moud wéi awer och an der Technik. Ob alle Fall wann een sech den Trend vun de Vinyl Platten an den Analoge Kameraen ukuckt. Déi grouss Stare wéi Billie Eilish an Taylor Swift hu schonn 2019 hier Alben och ob Vinyl verëffentlech an haten doduerch souguer nach méi e grousse Succès. Virun allem déi Generatioun ass dovu begeeschtert, déi net mat deene Saachen opgewuess ass. Och Einwegkamera si gefrot. Fotoe maachen an net ze wësse wéi se dono ausgesinn ass staarke Kontrastprogramm mam Handy. Wou een 100 Fotoe maache ka bis eng gutt dobäi ass weess ee bei Einwegkamera net wat een erwaart a genau dat ass esou interessant.

Och Analogkamera si rëm am Trend an dat virun allem an héichwäerteger Form. Wat fréier net aneschters gaangen ass, ass elo rëm attraktiv an zwar Fotoen entwéckelen ze loossen. Et fënnt ee souguer op Instagram e ganze Koup Fotoen déi analog gemaach ginn an dono digitaliséiert goufen. Och vill Fotografe komme rëm op d'Analogkamera zréck an et mierkt een dass verschidde Fotoen extra an dem Stil verschafft ginn.  Et muss een sech awer net tëschent deenen zwee Formen decidéieren. Béides si kreativ Konschtformen déi zesumme fonctionéieren. Virun allem jonk Leit déi mat Smartphone a Social Media opgewuess sinn, faszinéieren sech un der analoger Welt. Et muss een sech vill méi Gedanke maache well all Bild kascht. Och Polarodikamera ginn et net nëmmen a bëlleger Form, mee och méi héichwäerteg. Sech Gedanken iwwer Luucht, Setting a Perspektiv ze maachen an dono säi Wierk an den Hänn ze halen, dat ass dann oft awer méi besonnesch wéi mat Filter um Handy einfach drop lass ze fotograféieren.

Wat mengt dir kënnt nach alles als Trend erëm zréck?

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira