De Line-up steet. D'Tickets si kaaft. Lo feelt just nach dat passend Outfit:

De Festival Season Opening ass do a fir jiddereen den et e bësse verléiert huet, wéi een sech ob engem Festival undeet, fir de ginn et hei e puer Tipps: Eppes wat dir ëmmer am Hannerkapp behale kennt ass d'Motto "Grenze ginn et net": Virun allem wat d'Faarwen uginn dierf ee sech sou richteg ausliewen. Beienee passe muss och net ëmmer alles. Glitzer, Boohoo, Hippie oder villäicht och alles kombinéiert. Eng weit Box mat engem Crop Top, dorop nach en oversized Hiem a scho steet äre Festivallook.

Wéi mëttlerweil scho bekannt, ass alles In wat e puer Nummere méi grouss kaaft gëtt: Ween awer gär seng Figur betoune wëll, de kann ëmmer e grousst Iewescht mat enger enker Box kombinéieren, oder eben ëmgedréint.

De Make-up spillt bei engem Festival natierlech och eng wichteg Roll an do dierft dir iech sou richteg ausliewen. Männer souwuel wéi Fraen.
Glitzer, faarwege Liedschatten an e knallege Lëppestëft. Wann ee Loscht drop huet e bëssen ze experimentéieren a sech am Alldag net sou richteg traut, ass elo de Moment komm.

Och d'Männer dierfe Gas ginn. En Hiem mat Muster, Oversized T-shirten oder eng stylesch Box. Do kënnt dir virun allem mat Accessoiren äert Outfit pimpen. De must have ass e Bandana. Och en Hutt oder Sonnebrëll si gäre gesinn. Ween et gär praktesch a stylesch hätt, de kann ob Bauchposchen zréckgräifen. Déi stéieren iech net an dir hutt är Wäertsaache fest um Kierper dobäi.

De wichtegste Faktor ass awer dass dir iech an ärem Outfit gutt beweege kënnt an ouni Problem op d’Musek danzen a feiere kënnt. Vill Spaass op de Festivals!

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira