Dir gesitt äre Partner net oft? Mat e puer einfachen Tricks ass och eng Bezéiung op Distanz wonnerschéin: 

Virun allem an de leschte Joren hu mir geléiert, dass Bezéiungen oder Frëndschaften op Distanz net ëmmer einfach sinn. Mir hunn awer och e ganze Koup Technesch Méiglechkeeten déi eis dobäi hëllefen d'Angscht vun der Distanz e bëssen ze huelen.

Dat wichtegst dobäi ass awer déi richteg Kommunikatioun. Dir wësst net ëmmer direkt wéini den aneren e schlechten Dag hat, ob e grad gestresst ass oder einfach kuerz seng Rou brauch. Souwuel bei Frënn mee och beim Partner ass et wichteg oppen ze soen, wéi et engem geet. Erkläert ärem Partner einfach wéi dir iech fillt a wat an ärem Kapp vir geet. Dat ass och wichteg wann dir keng Fernbezéiung hutt. Wann d'Distanz dobäi kënnt kritt eng oppe Kommunikatioun awer nach méi eng grouss Bedeitung. Virun allem well iwwer Handy oft Saache falsch verstane ginn, déi ee perséinlech vill méi séier gekläert hätt. Et ass wichteg sech dat ëmmer am Hannerkapp ze halen.

Fir d'Vermesse besser auszehale kënnt dir iech och fix Rendezvousen op Distanz ginn. E Film-Owend, per Videochat zesummen iessen a kache kann engem d'Gefill vermëttelen, wierklech un dem anerem sengem Liewen deelzehuelen. Bei Frënn fält engem oft ob, dass ee schonn éiweg net méi matenee geschwat huet, well een sech vum Timing hier ëmmer verpasst. Do kann et hëllefen sech e festen Datum an eng Auerzäit am Kalenner ze notéieren, wou béid Persounen sech Zäit huelen. Dann ass et och méi einfach weiderhin en Deel vun dem anere sengem Liewen ze sinn.
Wann dir eng Fernbezéiung hutt kann et ausserdeem hëllefen déi nächst Visitten direkt ze plangen. Dann huet een eppes wouropper een sech freeë kann an en Datum op den een hischafft.

Egal wéi weit ee vunenee getrennt ass, mat einfachen Tricks fillt een sech dann awer ganz no.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira