Vum Portugisesch Cours bis hin zur Pastel de Nata an dem villen Trëppelen. Dat ass mäin Auslandssemester zu Lissabon: 

En Auslandssemester an engem anere Land stoung scho laang op menger Lescht an dëst Joer duerft ech dat dann endlech zu Lissabon ëmsetzen. Meng éischt Woch dohannen huet natierlech mat Corona ugefaangen an dat ka scho mol e bëssen nerveg gi wann een sech mat 4 aneren eng Wunneng deelt. Nodeems ech dat hannert mir hat a mech e bëssen agelieft hunn ass et direkt mat der Uni lass gaangen a virun allem och mat mengem Portugisesch Kuer. Eent kann ech iech soen, wat d'Schwätzen ubelaangt ass déi Sprooch eng richteg Challenge.

D'Leit a Portugal sinn awer enorm frëndlech a virun allem zu Lissabon dierf een iwwerall erwaarden, dass Englesch mat engem geschwat gëtt. Dir frot iech wéi vill Pastéis de Nata ech scho giess hunn? Doriwwer schwätze mir besser net. Fir jiddereen den eng Kéier a Portugal sollt sinn, de muss onbedéngt an d'Manteigeria goen an do direkt eng waarm Pastel de Nata probéieren.
Eppes wat dir op alle Fall zu Lissabon maache musst ass einfach mol drop lass goen. Oft gesäit een eng Stad net richteg well ee mam Kapp an iergendenger Kaart hänkt an net wierklech ronderëm sech kuckt. Lissabon ass mam Metro sou gutt vernetzt dass dir iech ni wierklech verléiere kënnt. Also traut iech a loosst iech roueg mol iwwerraschen. Hannert all Strooss verstoppt sech eng aner schéi Fassade oder e gemittlechen Eck fir ze setzen.

Mäin absolutten Highlight ass natierlech d'Iesskultur zu Lissabon. An domat mengen ech éischter déi kulinaresch Vilfalt aus aller Welt. Vun engem rengen Dim Sum Restaurant bis zu perfektionéierter libanesescher Kiche fannt dir wierklech alles a wann dir iech net decidéiere kënnt dann dierft iech äre Wee einfach just an den Time-out Market leeden. Do hutt dir direkt e ganze Koup gutt Restauranten ob enger Platz.

Wéi mäin Auslandssemester sou wieder geet, dat zielen ech iech dann an deenen nächste Wochen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

Schéi Sonneg Gréiss,

Mira