D'Wallis geet net zou an dat obwuel ee just eng Woch fort ass? Ech weisen iech dass dat awer klappe kéint: 

Wee gäre reest de steet all Kéiers virun der nämmlechter Fro: Wéi paken ech meng Wallis, dass am meeschten dra geet? An dofir gëtt et souguer en Trick. Maacht iech fir d'aller éischt eng Lescht mat allem wat dir braucht. Dann hutt dir en Iwwerbléck a kënnt och direkt duerchsträiche wat dir an d'Wallis gepaakt hutt. Checkt d'Wieder wou dir hireest an iwwerleet ob dir wierklech alles braucht wat dir mathuele wëllt. Dann dierf et lass goen, mee opgepasst:

Paakt är Wallis an der richteger Reiefolge:
Déi schwéier Géigestänn wéi Bicher oder Schong gehéieren ëmmer fir d'éischt an d'Wallis. Da riskéiert dir och net dass är frësch gestreckte Blusen direkt gerompelt sinn. A Schong kënnt dir och ëmmer är Strëmp stiechen, dann hutt dir direkt Platz gewonnen. Wann är Wallis net op béide Säiten e glate Buedem huet, kënnt dir déi Huelkierper och dofir notzen, Géigestänn genau op déi Platzen ze leen, bis dass alles riicht ass.

Är Kleedung gëtt gerullt a net gefaalt. Sou spuert dir Platz an evitéiert dass eppes falsch dra läit. Dir kënnt awer och eenzel Poschen huelen déi extra dofir geduecht si Kleeder separat anzepaken. Dann hutt dir är Ënnerwäsch oder Toppe vun deenen anere Saache getrennt a wësst direkt wat dir raushuele musst.

Är Kosmetik muss gutt verpaakt ginn. Denkt drun dass virun allem op ënnerschiddlechen Héichten d'Produiten auslafe kënnen. Verpaakt alles ëmmer nach eng kéier extra. Dofir kënnt dir och einfach eng Gefréiertut huelen, déi gutt zou geet.

De leschten Tipp den dir warscheinlech net sou gär héiert: Paakt är Wallis net ze voll. Sou braucht dir iech keng Gedanken iwwert d'Gewiicht ze maachen a mir wëssen all dass zum Schluss vun enger Vakanz ëmmer eppes dobäi komm ass.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira