Et ass schonn erëm Zäit d'Buedzëmmer ze botzen, an dir hutt einfach keng Loscht? Dat hei ass d'Léisung:

Séier mol nach Buedzëmmer botze kléngt scho bal utopesch. Keen huet Loscht drop, réckelt et nëmmen esou virun sech hier bis dass een dann e ganzen Dag aplange muss fir Buedzëmmer propper ze kréien. Déi einfachst Léisung fir et wierklech séier Propper ze kréien heescht 10 Minutten. 10 Minutten all puer Deeg an äert Buedzëmmer bleift ëmmer wéi et soll sinn. Dofir musst dir just 6 Schrëtt anhalen:

Fir d'éischt Staubsaugen. Dann evitéiert dir, dass dir den Dreck nëmme vun enger Säit op déi aner réckelt.

Schratt Nummer 2: Haalt iech äert Botzmëttel ëmmer grëffbereet. Da vergiesst dir är Routine net a musst net laang iwwerleeën ob dir och wierklech ufänke sollt.

Schratt Nummer 3: Botzmëttel awierke loossen. Am Buedzëmmer ass et virun allem vu Virdeel mat Esseg ze benotzen. Den hëlt de Kallek an d’Flecke fort. Einfach ob d’Dusch, an d’Buedbidden an ob de Krunn ginn, awierke loossen an dono gesäit alles erëm aus wéi nei.

Schratt Nummer 4: De Spigel an d’Uewerflächen ofmaachen. Dat kënnt dir entweder mat Glasreiniger oder och mat engem Duch mat Esseg maachen. Do geet et da schonn duer eng kéier kuerz driwwer ze fueren.

Schratt Nummer 5: Den Esseg mat engem fiichten Duch erëm ofmaachen.

Da feelt just nach de leschte Schratt: D'Poubelle eidel maachen an direkt mat enger neier Dreckstut ersetzen.

Ech verspriechen iech, et dauert net méi laang wéi 10 Minutten a spuert iech vill Zäit wann dir d'Buedzëmmer eng Kéier richteg botze musst.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira