All Dag frësch Kraider doheem hunn? En Dram den einfach ëmzesetzen ass: 

Net jiddereen huet d'Méiglechkeet en eegene Gaart doheem ze hunn. Fir all déi ënnert iech déi awer genau sou gär kache wéi ech kann dat heiansdo mol e Nodeel sinn. Ech mengen ech géif mech scho bal méi iwwert e Stack Basilikum freeë wéi iwwer Blummen. Wann een awer kee Gaart a net vill Luucht doheem huet, halen sech frësch Kraider net esou laang bis guer net.

Dofir gëtt et awer eng Léisung: E Gewächshaus an der Kichen.
Dir kennt tatsächlech doheem a Miniatur Kraider uplanzen. Déi Gewächshaiser ginn et an alle Gréissten an dat och ënnerschiddlech professionell.  
Do fannt dir da schonn eppes fir e klenge Portmonni oder wann dir wierklech gär dran investéiere wëllt och héichwäerteg Konstruktiounen. An deene meeschte Gewächshaiser si Luuchten an e System agebaut, den äre Planzen automatesch Waasser gëtt. Dat ganzt kënnt dir da mat enger App um Handy steieren a souguer agi wann dir an der Vakanz sidd. Wee bis zu 3000€ dofir well ausginn, de kritt e Gewächshaus dat ausgesäit wéi e Frigo andeem een dann e ganze Koup Kraider ziichte kann. Per App kritt ee Bescheed gesot wéi de Wuesstem vun de Kraider ausgesäit a wéini d'Recolte ass. Et soll virun allem dobäi Hëllefen d'Närstoffer ze erhalen an der eegener Gesondheet eppes Guddes ze doen. Wiem dat ze deier ass, de fënnt awer och schonn eppes an enger niddreger Präiskategorie an do geet et souguer scho bei 11€ lass.

Dem frësche Basilikum steet also näischt méi am Wee, an den hält dann och hoffentlech eng Grimmel méi laang wéi e Bouquet Blummen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira