En Allround-Talent dat am Kleederschaf net feelen dierf. 

Villäicht gëtt dat heiten en Tribut un e Kleedungsstéck oder einfach eng grouss Libeserklärung. Wann dir eppes an ärem Kleederschaf musst hunn dann ass dat de Blazer. Laang kee Fan gewiescht, ass d’Léift da lo rëm endgülteg zeréck komm. E war mir ëmmer ze steif, ze waarm, ze klassesch. De Blazer ass awer mëttlerweil e Kleedungsstéck ginn, dat jiddereen undoe kann an dat zu all Geleeënheet. Muss ech iwwerhaapt nach erwänen dass den natierlech och oversized kaaft gëtt? Jo, wéi sou zimmlech alles. Extra grouss geschnidde gefält e mir nach besser. De kënnt dir da ganz schick iwwert engem kuerze Rack undoen, sou dass béides déi selwecht Längt huet. Oder dir dot e méi lässeg iwwert eng Jeansbox un.

De Blazer kann awer och dat sinn, wat en och all déi Jore virdru war. E stilséchert Outfit fir op d'Aarbecht. Virun allem Frae kënnen domat ob eng Formell Aart a Weis hire Stil ënner Beweis stëllen. De Blazer hat eigentlech ëmmer e strenge Charakter. Autoritéitspersoune ware scho praktesch gezwonge mat engem Blazer virun d'Dier ze goen. Dat gouf awer mam oversized Stil e bëssen op d'Kopp gestallt a mécht de Blazer zu engem richtegen Allround Talent. Eng Familljefeier, en Owend am Restaurant oder awer just séier als Jackett ugedoen. Mat engem Blazer maacht dir ni eppes falsch.

Bei de Männer ännert sech dat allerdéngs e bëssen. Déi gi mat engem Paltong éischter op schick Eventer oder wann d'Arabescht dat sou well, och schaffen. Mat enger Jeansbox an engem T-Shirt passt de Paltong awer och do bei méi Geleeënheeten.

Fazit: Ob Mann oder Fra, e Blazer bleift eng gutt Investitioun am Kleederschaf an dat sécher och nach an deenen nächste Joren.   

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira