Lissabon war mäin Doheem fir 5 Méint an dat si meng Tipps: 

Meng Zäit zu Lissabon ass eriwwer an domat muss ech schwéieren Häerzens och eng Paus vun de Pastéis de Nata, de Brioche Croissanten an de risegen Orangen huelen. Wéi versprach kommen awer hei nach e puer Tipps vu menger Rees. A jiddereen den sech nach net sécher ass, ob en en Auslandssemester maache soll, maacht et! Déi Zäit geet esou séier eriwwer a wäert iech ganz sécher a gudder Erënnerung bleiwen.

Wann dir zu Lissabon sollt sinn musst dir iech, egal wéi Touristesch et ass, an de gielen Tram setzen. Dir kënnt do souguer fir eng ganz Faart setze bleiwen an eng kéier am Häerz vun der Stad ronderëm fueren.

Ob ärer Lescht muss ausserdeem d'LX Factory stoen. Eng Platz mat lauter Restauranten, déi awer duerch Graffiti a verschiddene Konstruktiounen e ganz eegene Charme huet. Klengen Tipp: plangt do net nëmmen en Iessen an, mee gitt och an déi kleng Geschäfter ronderëm. Ween zu Lissabon ass dierf net Heem fléien ouni op Belem gefuer ze sinn. Do musst dir dann net nëmmen déi original Pastel de Belem probéieren, mee och bei déi puer Monumenter laascht d'Waasser goen. E Muss zu Belem ass och d'Mosteiro dos Jerónimos. Gidd do onbedéngt eran, et lount sech!

An da komme mir scho bei mäin Highlight vu menger Rees. D'Sonnenënnergäng a Portugal sinn einfach net mat eisen ze vergläichen. Lissabon ass net fir näischt d'Stad vun de Rooftop Bars. Dir fannt der souwuel fir ze iesse mee och fir einfach eppes ze drénken an d'vue vun der Stad ze genéissen. Miradouro heescht Aussiichtspunkt op Portugisesch a villäicht leit et och u mengem Numm dass mech déi besonnesch beandrockt hunn. Mäi Favorit: Miradouro de Santa Luzia.

Dat war et vu mir aus Portugal,

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx Mira