Dir braucht en Dessert de gutt ass a gesond? Dat ass mäin aktuelle Favorit:  

Wann et een Dessert gëtt den ech am Moment erop an erof iessen dann ass dat d'Snickers Glace. Mam eenzegen Ënnerscheed dass dat ganzt eng éischter méi gesond Alternativ ass. Dir maacht se nämlech mat Banannen.

Dofir musst dir eng Banann an der Hallschent duerch schneiden an dono nach eng Kéier an zwee deelen. Sou dass dir Schlussendlech 4 Stécker hutt. Als nächste Schratt schmiert dir do äre Liblings-Kakuettebotter drop. A mengem Fall ass dat ëmmer en deep roasted Peanut Butter den nach Stécker dran huet. Wann dir dat alles verdeelt hutt, musst dir Schockela schmëlzen. Ween et gär méi gesond hätt den hellt dofir ganz schwaarze Schockela bis zu 85% Prozent. Do maacht dir et awer wéi dir et léiwer hutt. Als nächst verdeelt dir de geschmolte Schockela iwwert der Banann a stellt déi op mannst fir eng Stonn an True. Ween et gär méi fancy hätt de kann nach Kakuetten driwwer ginn, oder souguer eng ganz Hallschent vun der Banann an de Schockela zappen. Ärer Kreativitéit si keng Grenze gesat an de Suchtfaktor ass bei 100%.

Ween nach e puer gesond Glacenalternative wëll de kann och ëmmer Äerdbieren an de Schockela zappen an dann afréieren. Dat klappt sou zimmlech mat all Uebst, ass erfrëschend a schmaacht ganz sécher besser mat Schockela wéi ouni. Meng Banann leit schonn an der True a waart drop den Owend vu mir giess ze ginn.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira