Am Summer huet iergendwéi jidderee Gebuertsdag an et ginn engem d'Iddien aus? Hei sinn e puer Tipps:  

De Summer ass virun allem och Zäit vun de Gebuertsdeeg an egal wéi vill een sech dorop freet, et ass och ëmmer mat der stresseger Fro verbonnen, wat een engem da schenke kann. Ech hu mir e puer Gedanke gemaach an hei komme meng Iddien:

Makramee: ass eng beléift Technik aus dem Orient déi an der lescht relativ in ginn ass. Virun allem wann een um Instagram dono sicht ginn engem direkt flott Säiten ugewisen. Vu Schlësselunhänger bis zu Kaddoe fir Bëbeeën oder schéin Dekoratioune fir d'Haus.

Eng wieder Kaddosiddi ass e Wine tasting: Wann ee schonn no un der Musel wunnt, muss een dach och vun de gudde Kellereie profitéieren. Mat engem Wine Tasting hutt dir net nëmmen e flotten Dag mee och nach direkt e bëssen Zäit zesumme verschenkt.

Passend dozou: E Picknick. Kléngt elo zimmlech banal, wann een sech awer e bësse Méi gëtt, kann dat eng wonnerschéin Iwwerraschung ginn. Sicht iech e bëssen Inspiratioun ob Instagram oder Pinterest, dann hutt dir direkt e ganze Koup flott Rezepter déi äre Picknick direkt méi héichwäerteg maachen.

Wann et e bësse méi dierf sinn, dann ass e Citytrip ëmmer eng flott Iddi zesummen d'Welt ze entdecken. Weit fort muss een do och schonn net wann ee bedenkt wat alles sou no un eis drun ass. Waart dir schonn zu Paräis, Amsterdam oder Antwerpen? Wann net da gëtt et héisch Zäit.

Wann et awer eppes vun Häerze soll sinn, da maacht dir mat engem selwer gebakene Kuch ni eppes falsch. Dir weist dass dir déi Persoun kennt a gären Zäit fir si investéiert. Happy Birthday un all d'Summerkanner.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira