Maiswafflen dierfe bei mir am Haus net feelen. Mee sinn se dann elo de perfekte Snack oder awer just eng Kaloriefal? 

Wa bei mir eppes an der Kichen net feelen dierf da sinn dat Maiswafflen. Se sinn eng gutt Alternativ wann een net déi ganzen Zäit Brout iesse wëll oder séier eppes fir de klengen Honger am Haus muss sinn. Nodeems ech wärend engem Dag awer eng hallef Packung Maiswafflen giess hunn, hunn ech mech gefrot wéi gesond déi Denger eigentlech sinn? Dat gutt dorunner ass dass si relativ wéineg Kalorien hunn. Eng Maiswaffel huet an der Reegel 23 Kalorien, och wann et natierlech net bei enger bleift. De Problem dorun: Mais- souwuel wéi Räiswafflen besti gréisstendeels aus Kuelenhydrater an hu wéineg Eewäiss oder Ballaststoffer. Bei wéineg Ballaststoffer fënnt den Zocker säi Wee méi séier an d'Blutt, de Bluttzockerspigel klemmt ganz séier erop, fält dono awer rëm genau sou séier an den Heißhunger ass virprogramméiert.

E gudde Snack géint den Honger sinn se also net. Wann dir wierklech Honger hutt an awer just eppes Klenges iesse wëllt, da maacht iech roueg eng richteg Schmier oder en Uebstteller. Mee als Snackqueen weess ech wéi sech dat ufillt, wann een einfach nach net mam iessen ophaale wëll oder wierklech just eppes Klenges brauch. D'Léisung dofir besteet aus den Toppingen. Kritiker géifen elo soen dass Maiswafflen wéi Kartrong schmaachen an ech kann et hinnen net veriwwelen. Wann dir dorop awer e bësse wäisse Kéis mat Tomate gitt, e bëssen Ham oder fir déi séiss Kakuettebotter mat Banannen, dann hale Mais a Räiswafflen och méi laang sat a gewanne wéinst hire wéinege Kalorien och géint e puer Scheiwe Brout. Oppasse musst dir do awer bei de Räiswafflen mat Schockela ronderëm. Déi sinn alles aneschters wéi gesond a gehéieren éischter an d'Kategorie Dessert.

Fazit: Dir dierft Räis a Maiswafflen mat guddem Gewësse snacken. Et soll awer keen Iesse sinn dat sech duerch de ganzen Dag zitt, domat hutt dir iech dann nämlech kee Gefale gemaach.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira