Wat sinn Antioxidanten, wat maachen se an eisem Kierper a firwat sinn se sou wichteg?

Antioxidanten. Jiddereen de sech mat gesonder Ernierung beschäftegt ass op mannst eng kéier iwwert de Begrëff gefall. Mee wat heescht dat iwwerhaapt a firwat sinn déi sou wichteg fir eise Kierper?

Antioxidanten schützen de Kierper géint déi sougenannte "frei Radikaler". Déi ginn entweder vum Kierper beim Stoffwiessel selwer produzéiert oder entstinn duerch fëmmen, UV Stralen oder e schlechten Ëmweltafloss. D'Konsequenz dovu sinn zum Beispill Häerz-Kreeslaf Erkrankungen oder Kriibs. Dir kennt dat selwer bei engem opgeschniddenen Apel gesinn. De verfierft sech no kuerzer Zäit brong an oxidéiert. Wann dir awer antioxidativ Vitaminn C wéi Zitrounejus, drop schëtt, bleift d'Faarf vum Apel méi laang erhalen an dat geschitt och an eisem Kierper. De Kierper ass awer relativ gutt doran sech selwer dogéint ze schützen a bilt vum selwen déi néideg Hormoner. E wichtege Bestanddeel dovun ass awer och déi richteg Ernierung. Geméis, Uebst a Nëss ënnerstëtzen déi Prozesser. Beispiller sinn dofir zum Beispill Tomaten, Kiischten, Paprika, Spinat, Spirulina oder Knuewelek. Beim Uebst a Geméis setzen déi oft direkt ënnert der Schuel. Wann dir är Liewensmëttel gutt wäscht a se sou frësch wéi méiglech kaaft, ass et also vu Virdeel d'Schuel matzeiessen.

Wat stécht dann elo hannert all de Reklamme vu Supplementer mat Antioxidanten? Virun allem vill Fragezeichen. Studie beleeën nämlech net, dass de Kierper déi an isoléierter Form richteg ophëlt. Och ass et net kloer, wéi vill Antioxidanten wierklech viru Krankheete schützen. An héijer Dosis kennen se souguer kontraproduktiv wierken. Loosst iech do also ëmmer fir d'éischt beroden, wann dir Supplementer anhuelt. Géint eng gesond a villfälteg Ernierung schwätzt awer näischt. Déi deet ärer Gesondheet ëmmer nach am beschten.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira