Bei summerlechen Temperature brauche mir virun allem eent, eng Ofkillung. Mee wat hëlleft do wierklech?

Temperature klammen an och an de nächste Jore wäerte mir ëmmer méi domat ze kämpfen hunn. De Summer ass fir vill déi beléiftste Joreszäit, en dréit awer och e Risiko mat sech. Héisch Temperature sinn net ze ënnerschätzen. Mee wéi killt ee säi Kierper iwwerhaapt richteg of?

Vill drénken ass do schonn emol dat wichtegst. 2-3 Liter den Dag brauch de Kierper fir en Ausgläich ze fannen. Waasser, Téi a Jusen ouni Zocker sinn do dat richtegt. Opgepasst awer bei äiskalem Gedrénks. Dat kann zu Moproblemer féieren. De Kierper muss bei kalem Gedrénks zousätzlech schaffe fir dëst am Kierper rëm ze erwiermen. Wann een sech ofkille well wierkt dat also éischter kontraproduktiv. Dat selwecht geschitt och bei enger kaler Dusch. De Kierper probéiert dat kaalt Waasser mat senger eegener Kierpertemperatur auszegläichen an erhëtzt sech domat selwer. Ween sech ofkille wëll sollt also besser eng wotlech Waassertemperatur wielen.

E weideren Tipp ass sech net komplett ofzedréchnen. Dat verdonstent Waasser killt de Kierper nämlech of. Ween sech also tëschenduerch ofkille well, de kann och seng Hänn, säi Genéck a Gesicht mat Waasser wäschen.

Bei de Summer gehéiert einfach eng Schwämm, mee och do sollt een net einfach sou drasprangen. Jee nodeem wéi kal d'Waasser ass kann dat e Schock fir de Kierper ginn. Et gëtt gerode fir d'éischt d'Hänn an d'Féiss an d'Waasser ze halen an da mam ganze Kierper dran ze goen.
Wann een no engem waarmen Dag owes am Bett leit hu vill Leit Problemer anzeschlofen. Och do kann eng wotlech Dusch virum schlofe goen hëllefen, wann een sech net komplett ofdréchent.

Tipps an Tricks hin an hier, wann ee vill drénkt a sech am Schied ophält, hëlleft mat Sécherheet och eng äiskal Glace géint déi waarm Temperaturen.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira