Bei héijen Temperature brauch een och eng Ofkillung um Teller. Hei komme meng Rezept-Iddien:

Bei summerlechen Temperature brauch een och déi passend Rezepter. Eng Ofkillung kritt een och an der Kichen. Mäin absolut Liblingsuebst am Summer ass d'Waassermeloun. Ob an der Zalot, als Smoothie oder als séissen Dessert.
Ween et gär häerzhaft hätt, de ka Meloun mat Feta a Balsamicocreme zerwéieren. Entweder an der Zalot oder un engem Spiiss als Snack. Och am Jus mécht sech d'Waassermeloun gutt. Dëst einfach püréieren, e bësse Waasser dobäi ginn a schonn hutt dir e perfekt Slush Gedrénks. Beim Dessert verléieren ech lo villäicht e puer vun iech, mee ech hunn tatsächlech bei Frënn gesinn déi Waassermeloun mat Kanéil iessen. Ech hu genau esou gekuckt wéi dir, bis dass ech et probéiert hunn an tatsächlech guer net esou schlecht fonnt hunn.

Wee gär eng Mëschung tëschent Iessen a Snack hätt, fir de kéint Gazpacho eppes sinn. Déi kal Tomatenzopp gëtt oft vergiess a gehéiert awer zu mengen top Favoritte fir de Summer. Mat e bëssen Tabasco a Peffer en Délice.

Wee Moies scho gutt gelaunt mat Summer um Teller opstoe wëll, de kann sech mat Friichten eng Smoothiebowl zauberen. Einfach Banannen a gefruere Friichte mat enger Mëllech an de Mixer geheien, püréieren an dono mat Granola an aneren Toppings dekoréieren a schonn hutt dir dat perfekte Frühstück. Ech huelen do am léifste Kokosmëllech ouni Zocker.

Den Dessert däerf och net feelen an do ass mäi Favorit am Summer d'Nice Cream. Fréiert iech ëmmer zeideg Banannen an. Déi musst dir dann dono just nach mat engem Schotz Mëllech püréiere bis dir déi richteg Konsistenz hutt. An dann hutt dir net nëmmen eng gesond, mee och nach eng schnell Glace gemaach. De Summer huet een also net nëmmen dobaussen, mee och nach um Teller.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira