D'Vakanze ginn ëmmer méi deier an awer wëll een se sech net huele loossen. Hei si meng Tipps, wéi dir fir déi nächst Vakanz Sue spuere kënnt: 

Dir wëllt an d'Vakanz an hutt awer e gewësse Budget? Hei komme meng top 5 Tipps fir är Vakanz méi gënschteg ze maachen:

  1. Dir wësst scho méi laang wou et higeet an och wéini. Da waart net mam buchen. Op mam Fliger oder mam Zuch, wie frei un ass, de bezilt oft just 1/3 vum Präis.
  2. Et muss net ëmmer en Hotel sinn. Airbnb huet iwwert déi lescht Joren sou u Qualitéit gewonnen, dass Appartementer heefeg méi luxuriéis si wéi Hoteller an dat zu méi klenge Präisser. De Virdeel dorunner ass och dass dir selwer doheem kache kënnt. Wiem dat freet mech, den huet mat Airbnb déi besser Léisung fonnt.
  3. Et mussen net ëmmer e weit Reeszil sinn. An Europa ginn et vill Destinatiounen, déi iech trotzdeem d’Gefill ginn, dir wäert an enger ganz anerer Welt. Mäin Top Reeszil dëst Joer war Madeira. Wierkt wéi eng tropesch Insel tëschent Indonesien an Thailand, leit awer an Europa.
  4. Probéiert d'Kiche vun ärer Reesdestinatioun. Ween ëmmer nëmmen den Trend Spots hannendrun leeft, de muss natierlech och méi Suen an d’Hand huelen. Schlechter ësst ee bei Eenheemescher awer net. Oft ass just de Contraire de Fall.
  5. Vergläicht Präisser op der Platz a laaft net direkt an déi éischt Touriste Fal. Et kann zwar kamoud sinn d‘Ausflig direkt an den Haaptstroossen ze buchen, wann dir awer e bësse ronderëm gitt, fannt dir oft déi nämmlecht Touren, just fir vill manner Suen. Och am Internet fënnt een oft besser Offeren oder dir fannt raus, dass dir guer kee Guide braucht an alles selwer entdecke kënnt.

Wann ee bewosst oppasst, da kann eng Vakanz séier vill méi bëlleg ginn.

Lauschtert hei de ganze Lifestyle!

xx, Mira